- Enseignement fondamental: Approbation de l’organisation scolaire provisoire de l’année scolaire 2020/2021
D’Zuel vun de Schoulmeeschteren a Léierinnen hängt of vum engem “contingent de leçon”, deen iwwert e Règlement grand-ducal festgeluecht ass.
Fir Miersch ass den « encadrement de base » 1,75.
Den Indice social läit onverännert bei 0,1741.
Den Taux d’encadrement réel fir d’Schouljoer 2020/21 läit bei 1,9241.
Zum Stéchdatum vum Educatiounsministère waren 861 Kanner zu Miersch an der Schoul.
Duerfir kritt d’Mierscher Schoulpersonal fir 861 • 1,9241 = 1657 Stonnen Schoul ze halen.


Zu Miersch si fir d’nächst Schouljoer 46 Stonnen Accueil, 18 Appui lusophone, 23 Stonnen fir d’Fuerscherhaus an zwou Stonnen zousätzlech fir den PDS (plan de développement de létablissement scolaire) accordéiert.
Dëst Jor gëtt et just 3 Klassen am Précoce mat 57 Kanner, dat sinn 2 Klasse manner ewéi d’läscht Joer. D’läscht Joer waren nach 82 Kanner am Précoce. Well net allzevill Schoulsäll zur Verfügung stinn, ass decidéiert ginn, fir d’Frist vun der Deadline anhalen. Den Aschreiwungsowend fir d’Elteren ass wéinst Corona ausgefall. Et sinn trotzdem keng/kaum Leit op der Waardelëscht.
Eng 30 Kanner ginn auswärts an d’Schoul. Mir huele just nach an Ausnamesituatiounen nei Schüler aus anere Gemengen un.

Et ass nach net gewosst, op d’”International School” zu Miersch am Hierscht start oder net, a wéi eng Auswierkungen dat op d’Schülerzuelen an eise Schoule kritt. Déi ëffentlech international Schoulen mussen och Primärschoulklassen ubidden.
- Approbation des plans de gestion des forêts communales pour l’année 2021 (présentation par les préposés forestiers);

Forêt: recettes et dépenses pour l’exploitation des forêts et de la voirie
C.N. : recettes et dépenses pour la protection de la nature
Récréation: recettes et dépenses pour la sensibilisation et l’information du public
De Fierschter Jean-Marie Klein huet de Budget prévisionnel virgestalt an duerno op eis Froe geäntwert:
Ass dat sou, dat ee groussen Deel vum Holz einfach am Bësch leie bleift?
- D’Äscht an d’Spëtzen vun de Beem, déi ënnert 10 cm Duerchmiesser hunn, mussen am Bësch leie bleiwen, fir de Bësch ze düngen. Och privat Leit musse sech dorunner halen. Den Aspekt vum Totholz: Do gëtt et eng Rei Beem, déi wäertvoll sinn (Spiecht, Pilzen, Fliedermaus, etc …), déi bleiwen am Bësch stoen. Laanscht de Wee bleiwt heiansdo vill Holz leien, mee dat ass verkaaft, zu mindestens 90%. Den Händler kënnt et heiansdo laang net sichen, heiansdo och well de Bësch eng bëlleg Lagerplaz ass.
Geet vill Holz aus de Mierscher Bësch a China? Wéivill Iwwerschoss un Holz hu mer wierklech? Gëtt zevill oder vläicht net genuch Holz geschlo?
En Deel vum Holz geet an d’Pabeierindustrie. Dat “gutt Holz” geet an d’Soumissioun a gëtt un dee verkaaft, deen am meeschte bitt. Belsch Händler kafen eigentlech dat meescht. Dat geet dann zum Deel op Antwerpen a grouss Containerschëffer. Dat kann an ëffentleche Bëscher net anescht funktionéieren. Ob a wéivill Holz wéi wäit fortgefouert gëtt, ass schwéier ze soen.
D’Dréchent ass e grousse Stressfaktor fir de Bësch, och fir d’Buchen, mee natierlech manner ewéi fir d’Fichten. Beim Hae gëtt probéiert de Krounendaach vum Bësch net zevill opzerappen. Am Moment ass et éischter esou, datt probéiert gëtt, aus ekologeschen an klimapolitesche Grënn net méi Holz aus eise Bëscher erauszehuelen. De Bësch ass en CO2 Staubsauger.
Gëtt et an 10 Jor nach Fichten zu Lëtzebuerg?
D’Fichtestierwen geet och net laanscht d’Mierscher Bëscher. Fichte gi gehaen a ginn an d’Energieproduktioun (Cogeneratioun).
Holzstee: Kéint d’Gemeng de Leit d’Holz net och heem bréngen?
Dat ass am Moment net esou ugeduecht. Et gëtt eng gutt Offer um private Marché fir Brennholz op d’Mooss geschnidden an heem geliwwert ze kréien. D’Holzstee vun der Gemeng ass éischter ugeluecht fir eng al Traditioun z’erhalen.
- Création d’un poste dans la carrière A1 et d’un poste dans la carrière A2 sous le statut du fonctionnaire communal
Zweemol Congé parental an eng Rei nei Projeten, déi op d’Gemeng duerkomme, rechtfäertegen en neie Posten. Well et net vill Leit ginn, déi fir dee Posten a Fro kommen, loosse mer op, ob et eng A1 oder A2 Karriär gëtt. Dat gëtt dann op Grond vun de Kandidaturen an der méiglecher Beruffserfarung vun de Kandidaten decidéiert. Mir schafen also zwee Posten, besetzen awer just een.
4) Urbanisme: Lotissements de terrains dans des zones soumises à un plan d’aménagement particulier «quartier existant»
5) Urbanisme: Saisine du conseil communal des modifications ponctuelles de la partie graphique du Plan d’Aménagement Général (PAG) de la commune de Mersch, au lieu-dit «Rue de la Gare» à Mersch
Dräi Modifikatiounen fir kee Prozedurfeeler ze maachen:
- De Hotel social (deen duerch den Office social soll gebaut ginn) kritt déi noutwendeg Designatioun.
- Mir ginn mat der Baudicht an d’Luucht, wat esou no bei der Gare sécher sënnvoll ass.
- Extensioun vum PAP, wou nach solle Sozialwunnenge gebaut ginn. E Parkhaus, wat do geplangt war, soll op eng aner Plaz an de Buedem kommen.
6) Urbanisme: Approbation du projet d’exécution avec convention concernant le plan d’aménagement particulier «Auf dem Beckelchen» portant sur des fonds sis à Moesdorf et à Beringen au lieu-dit «Op der Routerd / Auf dem Beckelchen» pour le compte de la société anonyme Michiko S.A. de Mersch
7) Urbanisme: Approbation de la convention ensemble avec les plans d’exécution concernant un projet de construction sur un fonds sis à Beringen au lieu-dit «Rue Irbicht» pour le compte de la société anonyme à responsabilité limitée PROMO RS S.à r.l. de Pettingen
8) Proposition de classement comme monument national la chapelle Enelter avec alentours

9) Approbation de contrats, conventions et actes
10) Confirmation de règlement(s) de circulation temporaire(s)
All Voten goufen unanim geholl
11) Communications du collège des bourgmestre et échevins
- De Mierscher Schefferot huet Asproch geholl géint dat belscht Atommülllager. (cf Blog gréng Miersch)
- D’Gemeng Miersch kéint tëschend 5,5 a 6 Milliounen manner vum Staat kréien. D’Gemeng Miersch wëllt duerfir keng Cadeauen un d’Populatioun ginn. Dat wier dat falscht Zeechen.
Mäi Kommentar (C.A.): Eigentlech huet de Buergermeeschter keng gutt Analyse gemeet. Et geet net ëm Kaddo oder Net-Kaddo un d’Populatioun. Et geet drëm, ob d’Gemeng kann de lokale Kommerz ënnerstëtzen. Dat ass fir eng Gemeng ewéi Miersch net einfach. Et gëtt eng ganz Rei Geschäfter, ewéi d’Supermarcheeën z.B., déi éischter un der Kriis verdéngt hunn. D’Restauranten an Cafeeën hunn mat Sécherheet Verloschter gemeet, grad ewéi aner kleng Geschäfter. Zum Deel konnten déi awer nom Deconfinement e bësse vun de Perten kompenséieren, ech denken do virun allem un de Bausekteur. Misste mer och déi sëllechen Immobilienagencen aus der Gemeng ënnerstëtzen ? Wuel kaum, obschonn och bei hinnen alles méi lues gelaf ass. Et wier wierklech net einfach, d’Geschäftswelt zu Miersch korrekt a fair z’ënnerstëtzen, andeems een un de Mierscher Bierger ging Suen verdeelen. Et ass awer nach ëmmer derwäert doriwwer nozedenken.
Soll d’Gemeng d’Veräiner mat Bongen ënnerstëtzen? Ech mengen net. D’Gemeng Miersch ënnerstëtzt déi lokal Veräiner logistesch a materiell, wou se nëmme kann. D’Veräiner hunn de Confinement net all d’selwecht erliewt. Ech sinn z.B. an enger Asbl. engagéiert, wou mer finanziell besser do stinn wéi di aner Joeren, well duerch de Confinement eng Rei Aktivitéiten hu missen ofgesot ginn. Ech ginn dovunn aus, datt de Subsidegrupp dëst Joer flexibel op Demanden reagéiere kann, wann e Veräin an der Gemeng finanziell Problemer kritt, wann eng vu senge grousse Manifestatiounen net konnt stattfannen. Ech denken un den Nationalfeierdag, d’Kürbisfest, den Eenelter Maart, …
Questions des conseillers;
- Wann ech elo meng al grouss gro Poubell den 1. Juli zréckginn, esou wéi de SIDEC et ubidd, kréien ech da vum 1. Juli meng däitlech méi kleng Poubell fakturéiert oder muss ech bis den Oktober meng grouss Poubell, déi ech net méi hunn, bezuelen? Doropp wosst de Schäffen a Vertrieder vun der Gemeng am SIDEC keng Äntwert.
Déi gréng Conselljeeën hu gefrot:
- Wéi steet et mat der Initiative vum Mobilitéitsminister fir verschidde Stroossen am August fir den Autosverkéier ze späeren ?
- No engen längeren Hin an Hier war de Schäfferot d’accord fir Schëndels-Koplescht all Weekend am August fir d’Vëlosfuerer ze reservéieren: Mamer-Kopstal du 1er au 31 août et Kopstal-Schoenfels tous les samedi et dimanche en août: ce tronçon permet, les weekends, un parcours triangulaire de quelque 40 km reliant la Ville de Luxembourg à Gosseldange via la PC15 de la vallée de l’Alzette, puis Gosseldange au Lycée de Mamer via des routes fermées à la circulation par Schoenfels et Kopstal dans la vallée de la Mamer, pour rentrer en Ville par la PC13 qui traverse Bertrange et Strassen. Une variante de tracé traversant la commune de Kehlen est en cours d’élaboration.
- Steinsel – Hunsdorf – Prettingen –Gosseldingen – Mersch
Do ass eng parallel Vëlospist an ee Chantier, deen da misst provisoresch zugemeet ginn an duerno erëm opgemeet ginn. Do hu sech d’Uelzechtgemengen dergéint ausgeschwat.
- Bei engem Noutfall am Bësch um Hunnebuer bei Recken sinn d’Sécherheetskräften net bei de Verongléckten komm. Si hate kee Schlëssel fir d’Barrière opzemaachen. Dat dierft eigentlech net sinn, well all Pompjeesauto vun der Gemeng Miersch e Passepartout-Schlëssel huet, sot de Buergermeeschter.
- Wat mécht d’Gemeng fir de Vandalismus op de Grillplazen an am Bësch, a fir den iwwerdriwwene Kaméidi vu private Grillfester an de Grëff ze kréien, dëst besonnesch an Deconfinement-Zäiten?
Gemengenservicer, Bannhidder a Police schaffen zesummen. Et ass effektiv schonn zu esou Evenementer komm, et ass och scho mol eng privat Party vu groussem Ausmooss verhënnert ginn, well d’Gemengenservicer mat Zäit informéiert goufen.
- Ob Nofro hinn, wéi d’Gemeng zu de Virwërf vun der Regional Miersch vum Méco steet, an der Gemeng gingend’Ränner vu Strossen a Weeër ze oft an ze fréi geméint ginn, huet de Buergermeeschter gemengt, d’Servicer gingen sech all un d’Regelen vum “fauchage tardif” halen.
No responses yet