Categories:

  1. Approbation du nouveau règlement général de police;

D’Reglement ass unanim gestëmmt ginn. Et si wéineg Froe gestallt ginn, well d’Dokument schonn an enger Aarbechtssëtzung virgestalt an diskutéiert ginn ass. Et ass wichteg, datt mer e Reglement hunn wat à jour ass. Eis zwee Bannhidder mussen sech kënnen drop verloossen, datt déi Kontrollen déi si maachen net wéinst Feeler oder « Omissiounen » am Reglement näischt wert sinn.

Am Reglement steet och, datt d’Leit mussen duerfir suergen, datt d’Hënn kee Kaméidi maachen. Do huet de Jhemp Reckinger nogefrot, op dat och fir Honnspensioune gëllt oder just fir Privatleit. De Buergemeeschter huet gemengt, dat ging just fir Privatpersounen gëllen.

2)        Circulation:

a)         Modification du règlement général de circulation;

b)        Confirmation de règlement(s) de circulation temporaire(s);

Eng Rei éischter kleng Modifikatiounen sinn unanim ugeholl ginn.

3)        Urbanisme: Lotissements de terrains dans des zones soumises à un plan d’aménagement particulier «quartier existant»;

Démolition d’une maison existante à Schoenfels et morcellement du terrain en 4 lots.

Den Terrain ass am Hang, an duerch déi ugefroten Emännerung wier et méiglech e Block vu 4 Häiser ze bauen, déi och däitlech méi grouss wieren wéi all aner Haiser an der Strooss.

Am Prinzip si mer eis eens, datt dat net dohinner passt.

Et stellt sech awer d’Fro, op mer eng legal Basis hunn fir esou eng Decisioun. Mir hunn ganz vill änlech Situatiounen an alle Wunngebidder. Well d’Terrainen rar an deier sinn, gëtt ëmmer probéiert de Maximum dropp ze setzen. Dat ass logesch an eigentlech och net verwerflech. Mee et stellt sech eben eraus, datt heiansdo zevill méiglech ass. 

De Gemengerot wert an enger Aarbechtssëtzung sech mat der Problematik ausernee setzen. Dat gëtt spannend.

De Morcellement gët net geneemegt.

4)        Urbanisme: Édiction d’une servitude d’interdiction de lotissement et de construction frappant des fonds sis à Mersch, au lieu-dit «Rue d’Arlon», pendant l’élaboration d’une modification ponctuelle du PAG respectivement d’une modification ponctuelle du PAP QE;

Erëm ee Bauprojet, dee mer esou net wëllen.

Zwee Punkten suergen fir Diskussiounen:

  • PAG : Art 20 De Stellplazschlëssel. Well mer no bei der Gare sinn, brauch den Bauhär net esou vill Parkplazen auszeweisen, wéi op anere Plazen. Aner Häiser an der Haaptstrooss hunn iwwerhaapt keng Parkingen missten bauen. Am Prinzip kann ee Bauhär sech och fir eng bescheiden Zomm fräi kafen a kee Parking ariichten. 
  • PaP : am Quartier existant ass am Moment kee Flaachdaach erlaabt. Dat ass awer besonnesch bei méi grouse Gebäier éischter eng onglécklech Virschrëft. Dat well de Gemengerot änneren.

Duerfir gëtt decidéiert de Projet mat engem Moratoire ze beleeën. De Gemengerot huet also 12 Méint Zäit fir sech prinzipiell zum Projet ze äusseren. Och hei steet eng Aarbechtssëtzung un, déi nach dëst Joer organiséiert gëtt.

5)        Urbanisme: Approbation de la convention-cadre concernant la réalisation conjointe, par tous les acteurs concernés, du Projet d‘ Aménagement Particulier «Rive de l‘ Alzette» à Mersch;

Eng gutt Konventioun déi mat alle Betraffenen ausgehandelt gouf. Dat gëtt de gréisste Projet dee je an der Gemeng Miersch ugestouss gouf, woul gemierkt, et ass et e Projet wou d’Gemeng Miersch net de Bauhär ass. Bei de villen Entrevuen an Diskussiounen war et och d’Eropsetzen vun der Bauhéicht, déi gewësse Méiglechkeeten deblockéiert huet. Déi gréng waren ëmmer der Meenung, datt et sënnvoll wier, rondrëm d’Gare op dem Site vun de Rives de l’Alzette eng méi grouss Baudicht zouzeloossen.

Vote unanime.

6)        Urbanisme: Approbation du projet d’exécution avec convention concernant le plan d’aménagement particulier «Quartier de la Gare – État» portant sur des fonds sis à Mersch au lieu-dit «Rue de la Gare» pour le compte de l’État du Grand-Duché de Luxembourg;

De Parking bei der Eisebunn soll an zwee Jor färdeg sinn!

7)        Urbanisme: Approbation du projet d’exécution avec convention concernant le plan d’aménagement particulier «Viischt Gewan» portant sur des fonds sis à Reckange au lieu-dit «In der vordersten Gewann» pour le compte de la société à responsabilité limitée Loginter S.à.r.l. de Mersch;

8)        Urbanisme: Approbation du projet d’exécution avec convention concernant le plan d’aménagement particulier «Millekneppchen – Phase 3 » portant sur des fonds sis à Rollingen aux lieux-dits «Auf dem Millenkneppchen», «In den Anwendern et «In den Bohnenstueckern pour le compte de la société anonyme Houseconcept-Millenknepchen S.A. de Steinsel;

9)        Infrastructures: Approbation du devis pour l’aménagement d’une canalisation pour l’évacuation des eaux pluviales dans la Rue du Knapp à Moesdorf;

10)      Infrastructures: Arrêt du programme annuel 2021 des travaux à effectuer dans l’intérêt de la voirie rurale;

Reckange : chemin Hingerhaff

Quiz:  De Wee gëtt frësch gemeet: 

  • Well den 2. Scheffen net méi mat sengem sportlechen Auto kann driwwer fueren.
  • Well de Buergermeeschter do ee Wëldschwäin geschoss huet a mat senger Jeep hänke bliwwen ass.
  • Well den Claude Adam (am Gemengerot vum 27. Mee 2020) gefrot huet, datt de Wee fir Vëlofuerer soll brauchbar gemeet ginn.

All Äntwerten si richteg an am Gemengerot zur Sprooch komm.

11)      Approbation de contrats, conventions et actes;

12)      Approbation de déclarations de recette;

13)      Communications du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers;

De Vëloswee fir op Schëndels soll am November dëst Jor färdeg ginn. Et gëtt eng ganz schéin Velospiste, déi och fir Foussgänger ganz attraktiv gëtt.

Covid-19 am Kanton Miersch sinn 56 Fäll ugefouert ginn. De Buergermeeschter weess net méi ewéi mir.

De Chalet am Parc ass am Prinzip op. Mee an der Realitéit ass e meeschtens zou. Schued, mee dat kéint awer och sinn, well den Projet net optimal geplangt ass an et ganz schwéier ass, datt de Chalet hallewwees rentable exploitéiert gëtt. 

Tags:

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert