1. Approbation de l’avant-projet détaillé avec devis pour l’aménagement d’un «Pompjeesmusée» à Moesdorf;

De Gemengerot sollt gutt 1,5 mio € votéieren fir ee Pompjeesmusée, wou mer kee Projet ze gesi kritt hunn, wéi de Musée soll funktionéieren a geréiert ginn. Et sollen haaptsächlech zwee al Autoen an zwee Leederween ausgestallt ginn, déi permanent duerch eng Vitrinn kënne gekuckt ginn.

D’Architektin, déi de Projet virgestallt huet, huet gemengt, d’Leit sollen och kënnen erakommen an sech d’Gefierer ukucken. Um éischte Stack ass Plaz fir e groussen Reuniounssall, eng kleng Kitchinette, e klenge Büro a Stockage fir d’Gemeng.

De klenge Garage, deen ugebaut ass, bleift erhalen a gëtt e bësse méi héich gebaut. Déi viischt Fassad bleift bestoen, déi hënnescht gëtt ewech gerappt, well d’Gebai méi déif gëtt.

D’Deliberatioun fir dëse Projet huet esou ausgesinn :

Vu la décision de principe de procéder à l’aménagement d’un «Pompjeesmusée» à Moesdorf en inscrivant un crédit au budget de 2020;

Attendu que l’histoire des sapeurs-pompiers de la commune de Mersch remonte jusqu’en 1843 soit presque 180 ans;

Attendu qu’au fil du temps, la commune de Mersch a acquis respectivement remplacé du matériel au profit du service des sapeurs-pompiers;

Attendu que la commune de Mersch dispose encore du matériel historique de sa compagnie de sapeurs-pompiers;

Considérant qu’il est indispensable de créer un endroit de conservation respectivement d’exposition dudit matériel historique dans une optique de le remettre en valeur respectivement de le mettre en évidence;

Attendu que l’ancienne caserne des sapeurs-pompiers de Moesdorf-Pettingen-Essingen à Moesdorf se prête pour l’aménagement d’un musée dédié;

Attendu que le projet prévoit également la remise en valeur de l’ancien bâtiment tant aux niveaux énergétique, esthétique, architecturale et fonctionnel;

Le conseil communal approuve l’avant-projet détaillé avec devis pour l’aménagement d’un «Pompjeesmusée» à Moesdorf au montant total de de 1.505.406,33 € TTC;


Mir versti jo datt verschidde Pompjee sécherlech nostalgesch Gefiller mat deem Geschier verbannen, dat si jorelaang gebotzt, genotzt, geheegt, gefleegt a geheemelt hunn. Datt d’Pompjeeën op ville Niveauen an der Gemeng eng wichteg Roll gespillt hunn a nach ëmmer spillen, dat stellt och keen a Fro.
Esou wéi de Schäfferot de Projet argumentéiert, misste mer allerdéngs deemnächst bal esou vill Pompjeesmusée am Land hunn, wéi mer Gemengen hunn. Natierlech ass och net probéiert ginn, aner Pompjeescorpse mat an d’Boot ze kréien. Dobäi ass et méi ewéi sécher, datt et och zu Biissen, Colmer-Bierg, an am ganzen Uelzechtdall flott Pompjeesantiquitéite gëtt. Ee regionale Projet wier hei wierklech ubruecht. Wann d’Gemeng alles bezilt brauch och keen no private Sponsoren ze sichen. Zu Wolz gëtt et een nationale Pompjeesmusée, dee vu ville Firme gesponsert ginn an ass, an net nëmmen op Käschte vun der Allgemengheet ageriicht ginn ass. Ausserdeem gëtt et och nach ee Pompjeesmusée zu Senneng.
Mir hu schonn e puermol vum Buergermeeschter gesot kritt, datt d’Gemeng Miersch riskéiert fir dat nächst Joer 5 bis 6 Millioune manner Dotatioun vum Staat ze kréien. Dat war z.B. d’Argument fir keng finanziell Corona-Hëllefen zu Miersch ënnert d’Leit ze gi fir z. B. d’Geschäftsleit ze ënnerstëtzen. Wann et awer ee Projet gëtt, deen net presséiert, a wou mer mol kéinte kucken, wéi d’Gemengefinanzen sech entwéckelen, dann dësen.
De Kulturministère an den Inneministère subventionéieren dëse Projet net. A si hu Recht !

D’Fro stellt sech natierlech, wat ee soss nach aus dem Gebai kéint maachen. Et mécht jo kee Sënn dat einfach verlotteren ze loossen. Brauchen d’Pompjee dat nach als Versammlungsraum (woubäi et jo och ze bedenke gëtt, datt niewendrun d’Veräinshaus mat Versammlungsraim ass), an datt et d’Pompjee’en an der aler Form jo net méi gëtt an ee super flott Gebai vun der CGDIS zu Miersch steet.

Kéint een doraus net eppes ganz anescht maachen (z.B. zwee Studioe fir jonk Leit déi hir éischt Féiss an d’Beruffswelt gesat hunn an oft esou wéineg verdéngen, datt si keng Wunneng/Studio/Zëmmer fannen?

Déi gréng hunn géint dëse Projet vun der Majoritéit gestëmmt.

10)      Approbation du devis supplémentaire concernant l’aménagement d’un SAS d’entrée devant le Château de Mersch; 

SAS d’entrée fir 600.000€

Et stoung en Devis supplémentaire vun 129.000,00 € um Ordre du jour.

Et war eigentlech « moutarde après dîner », well de SAS fäerdeg gebaut ass. Mam éischten Devis kascht de SAS dann elo 600.000,00 €: Fir eng gliese Këscht, eng Sëtzgrupp, zwou Dieren an eng Klimaanlag.

Mir hu vun Ufank u gesot, datt d’Käschten an d’Notze vun dem klenge Gebai net an enger gesonder Relatioun géinge stoen.

Vott: Majoritéit CSV-DP dofir, eng Conseillère vun der DP dergéint

LSAP: dofir

Déi gréng : dergéint

….

12)      Approbation du devis pour le remplacement d’une aire de jeux au parc communal; 288.000,00 € TVA comprise

E Klotergerüst fir 288.000€

E klengt Klotergerüst gëtt ewech geholl, well et no 11 Joer scho vétuste ass. Et gëtt duerch ee Monstergerüst zu engem zolitte Präis ersat.

Mir  hunn eis bei dem Vott enthal. Mir sinn duerchaus bereet, 288.000,00 € a Spillplazen am Park z’investéieren. Mir géingen se just gäre besser investéieren.

Mir géingen gären ee Konzept gesinn, wéi dann de Park opgedeelt gëtt an Interessi-Zonen. Et solle kloer Zonen am Park ginn, wou et roueg ass an anerer wou gelaacht a gespillt gëtt. D’Spillplaz fir kleng Kanner (an hier Elteren) ass ze kleng. Wier et net och flott, wann am Mierscher Park Waasserspiller wieren? Beispiller gëtt et vill … Am Moment ass näischt fir Kanner mat Mobilitéitsdefiziter do. Et wier flott, wann en Aarbechtsgrupp kéint iwwert d’Entwécklung vum Mierscher Park diskutéieren.

Vote: DP-CSV oui sauf abstention d’un conseiller CSV

LSAP : non

Déi gréng : abstention

15)      Allocation d’une prime de vie chère aux personnes à revenu faible;

  1. Pour bénéficier d’une prime de vie chère, tout ménage ou personne seule doit:

être inscrit au registre de la population de la Commune de Mersch depuis au moins le 1er juillet 2020;

–  être bénéficiaire de l’allocation de vie chère de la part du Fonds National de Solidarité pour l’année 2020;

–  joindre les pièces demandées par l’Administration Communale de Mersch;

  • Le montant de la prime de vie chère est fixé à:

461,25 € (55,2554 € indice 100) pour une personne seule ou un adulte faisant part du ménage; 358,75 € (42,9764 € indice 100) pour chaque adulte supplémentaire faisant part du ménage;

871,25 € (104,3713 € indice 100) pour chaque enfant faisant part du ménage et pour lequel le ménage touche une allocation familiale de la part de la Caisse pour l’Avenir des Enfants;

Dat ass alles d’selwecht wéi d’lescht Joer, just eng Indextranche, déi erfall ass, huet fir eng kleng Augmentatioun gesuergt.

Vott: unanime

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: