D’CREOS plangt am Kader vun der Modernisatioun vun hiren Infrastrukturen den Héichspannungsreseau vun 220 op 380 Kilovolt beim Import vu Stroum aus Däitschland eropzesetzen fir op laang Siicht déi elektresch Energieversuergung am Land ze assuréieren. Fir dat ze erlaben, misst eng nei Héichspannungsleitung gebaut ginn déi ënnert anerem duerch den Uelzechtdall géif féieren. Dësen neie Projet géif et erlaben eng Rei vun deenen ale Lignen ofzebauen an d’Emspaanungsanlag zu Heeschdref aus dem Wunngebitt ze verlageren. Decisioune goufe bis elo nach keng geholl vu datt jo och nach eng ganz Rei Prozeduren . dorënner och eng Emweltimpaktstudie, ustinn.
An awer huet de Projet scho fir vill Rumeuren an Diskussiounen am Uelzechtdall gesuergt. Ouni d’Necessitéit vun Projet 380 a Fro ze stellen, sinn déi gréng Uelzechtdall davunn iwwerzeegt, datt e Projet vun sou grousser Envergure Informatioun, Transparenz a virun allem den Dialog mat de betraffene Bierger an Institutiounen erfuerdert. An dësem Sënn hunn déi gréng Uelzechtdall sech mat dem folgende Bréif un d’CREOS gewannt fir ëffentlech Versammlungen ze organiséiere selbstverständlech mat Berécksiichtegung vun deene sanitäre Moossnamen, déi dofir néideg wären.
Lis Mossong


No responses yet