Categories:

Scho virun 8 Joer, am Gemengerot vum 16.07.2012, hat ech een Debat iwwert e Bëschkierfecht gefrot: 

Point 17 de l’ordre du jour:

Aménagement d’un Bëschkierfecht, débat en vue d’une décision de principe.

Conclusioun:

La proposition sera inscrite à l’ordre du jour des prochaines séances du comité de la convention Uelzechtdall. 

An dat war et.  Den Amenagement vun engem Bëschkierfecht fir d’Gemengen vum Uelzechtdall ass 2018 mat der “Konventioun Uelzechtdall” begruewe ginn.

2020 sti mir gréng net méi eleng do fir ee Bëschkierfecht ze froen. An enger vun de leschten Gemengerotssëtzungen huet een CSV-Conseiller déiselwecht Fro un de Buergermeeschter adresséiert.

Leider war d’Äntwert vum Buergermeeschter net encourageant. Hien hält net vill vun der Iddi, mir hätten jo ee schéine Kierfecht, huet hie gemengt. 

Eis Argumenter fir ee Bëschkierfecht vun 2012 hunn 2020 näischt un Aktualitéit verluer:

Vill Leit hunn haut net méi d’Bedürfnis no hirem Doud en éiwegt Monument a Form vun engem gemeesselte Steen an engem Mamorgaart gesat ze kréien a géingen gären no hirem Doud an de Kreeslaf vun der Natur zréck.

E Begriefnis op engem Bëschkierfecht ass minimalistesch, weder Blummen nach soss Dekoren sinn erwënscht. De Bësch bitt fir vill Hannerbliwwen d’Méiglechkeet bei engem rouegen Trëppeltour un déi Verstuerwen ze denken a bewosst op Zeremonien ze verzichten déi se net wëllen.

Viraussetzung fir eng Bäisetzung am Bësch ass d’Verbrennung  am Crematoire zu Hamm. Da ginn d’Äschen bei engem Bam an de Buedem geluecht.  Um Bam ass just eng kleng Plackett, wou d’Nimm vun de Verstuerwenen mat eventuell engem reliéisen Symbol drop stinn. Méi net. De Prinzip vum Bëschkierfecht ass, datt en naturgehale bleift, et solle keng extra Weeër bei de Bëschkierfecht féieren an et gi keng Ornamenter.

Fir eng gutt Plaz fir e Bëschkierfecht ze fannen, kann ee sech och nach 2020 mat den Nopeschgemengen zesummendinn. Zesumme mat de Fieschter, den Ëmweltkommissiounen an der Naturverwaltung dierft et net schwéier sinn en adequate regionale Site am Zentrum vum Land ze fannen. D’Gemeng Miersch ass jo houfreg drop, déi Gemeng ze sinn, déi am meeschte Gemengebësch huet. Ideal wär en ale Bëschbestand  mat 40-50 Beem, déi mindestens 100 Joer al sinn. Wichteg ass och d’Accessibilitéit vum Bëschkierfecht, dee relativ no un der Grenz vum Bësch soll sinn. Et mussen och Parkplazen an enger akzeptabeler Distanz zum Kierfecht ugeluecht ginn.

Mir wäerten net labber loossen an hoffen, datt eis Majoritéit awer nach mat sech schwätze léisst fir e Bëschkierfecht fir di Mierscher Leit an hir Noperen aus dem Uelzechtdall unzeleeën.  

Mariette Weiler

Hei fënnt een interessant Infoen iwwert d’Bëschkierfechter, wou der sinn, an eng super Kaart vum Land, wou se sinn. 

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert