Zënter dräi Joer huet d‘Mierscher Gemeng e Gemeinschaftsgaart wou zeng Parzellen u privat Leit an un zwou Organisatiounen (Gaart an Heem; Transition Lëtzebuerg/Miersch) opgedeelt gi sinn.
An menger Strooss wunnt eng Famill, déi ganz aktiv an deem Gemeinschaftsgaart schafft, awer och selwer doheem e Permakulturgaart ugeluecht huet.
Ech fannen dat ëmmer spannend ze gesi, wéi aktiv an engagéiert d’Jitka iwwert déi zwee Projeten erziele kann.
An engem Gespréich mat him, an nodeems mir (dräi Membere vun déi gréng Miersch) säi Gaart konnte besichen, si mir eng ganz Réi praktesch Neiegkeete gewuer ginn.

De Gemeinschaftsgaart ass anescht wéi een Eenzelgaart: All Hobbygäertner deelt seng Iddie mat an tauscht se mat deenen anere Gäertner aus. Dat ass ee vun de Grondprinzipien: Et gëtt ënnertenee geschwat wéi eng Geméiszorte geplanzt ginn, wien sech wéini am Gaart däerf zerwéieren, wien wéini wat akafe geet fir ze séinen oder ze planzen. Dat sinn Diskussiounsthemen, déi reegelméisseg gefouert ginn. Et gëtt also vill Wäert op de soziale Volet geluecht. Wëll een awer och mol spontan muss eng Decisioun treffen, besteet eng Whatsapp-Grupp, esou dat da jiddereen iwwert alles Bescheed weess.
Een anere Grondprinzip ass, datt all Gäertner vunenee léiert. Déi méi erfueren Hobbygäertner kënnen deenen aneren erklären a weisen, wéi si hir Gaardenaarbecht am léifsten ëmsetzen. Esou entsteet eng flott Dynamik, déi och jidderee motivéiert.
D’Jitka weist och gären interesséierte Matbierger säi klengen Hausgaart, deen no de Reegelen vun der Permakultur ugeluecht ass. Seng Philosophie vum Deelen, Diskutéieren, Léieren a Vermëttelen reecht d‘Jitka gären u begeeschtert Hobbygäertner virun (schreiwt eis w.e.g. un eisem Kontaktformulaire).
Cecilia Beirao
No responses yet