Categories:

Am Mäerz 2019 huet d’Regierung nei Primme fir Gefierer mat null oder niddregen Emissiounen agefouert, dorënner och fir Vëloen a Pedelec 25, an dat bis zu engem Montant vun 300 Euro. Am Fréijoer 2020 huet de Staat dunn nach emol nogeluecht an d’Primme viraussiichtlech bis de Mäerz 2021 op 600 € erhéicht.

Dëst Joer huet de Velo duerch Coronakris mat dem Lockdown an den ageschränkte Reesméiglechkeeten e reegelrechte Boom erlieft. Och wann ee sech gewënscht hätt, datt dëse Boom iwwert en aneren, manner dramatesche Wee zustane komm wär – am Sënn vun enger Prise de Conscience fir aktiv ons Ëmwelt ze schütze – wier et dach awer wënschenswäert datt dësen Effekt dauerhaft bleift.

Fir d’Initiativ vun der Regierung ze ënnerstëtzen, hu sech zënter hier eng sëllege Gemengen ugeschloss a eege Primme fir Vëloen mat oder ouni Moteur agefouert. Sou z.B. d’Gemeng Biissen mat bis zu 200€ pro Gefier an souguer 225€, wann een och un déi néideg Sécherheet denkt a sech e Casque dobäi leescht. Oder Dikrech, eng vergläichbar grouss Gemeng wéi Miersch: do kann een eng Primme ufroe, woubäi de Maximum bei engem Pedelec bei 200€ a fir e normale Vëlo bei 100 € leit. Och aner Nopeschgemenge wéi Noumer, Lëntgen oder Luerenzweiler – fir der nëmmen e puer ze nennen, si nogezunn a bidden hire Bierger Primmen oder Subventioune fir Vëloen, ob mat oder ouni Assistenz, un.

Souwuel an der Mierscher Verkéierskommissioun wéi och an der Ëmweltkommissioun war dat schonn Thema. Op eng Ufro hi vun der Verkéierskommissioun huet déi Mierscher Gemeng sech do méi retizent gewisen: si ass der Meenung, datt de Staat a punkto Vëlo scho genuch bezillt, sou d’Äntwert. Eng droleg Argumentatioun wann e bedenkt, datt vill Gemengesubventiounen a -primme sech op staatlecher stëtzen – wéi am Bau oder bei energieeffizienten Haushaltsapparater. Eng Méiglechkeet wär jo och gewiescht, fir se un d’’Prime de Vie chère’ ze bannen, da wär een och sécher gewiescht, datt se bei deenen ukënnt, déi se am néidegste bräichten.

600€ si schonn e Batz Souen, mee et wär e flotte Geste gewiescht, wann och ons Gemeng de Vëlosboom nohalteg ënnerstëtzt hätt, net nëmmen am Sënn vum Ëmweltschutz, mee och am Sënn vun der Reduktioun vum Autosverkéier, der Gesondheet vun hire Bierger, der Liewensqualitéit an der Gemeng an de Fräizäitméiglechkeete vun de Familljen.

Elisabeth Mossong

Tags:

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert