- Urbanisme: Lotissements de terrains dans des zones soumises à un plan d’aménagement particulier «quartier existant»
Insgesamt 7 Projeten waren ënnert dësem Punkt um Ordre du Jour. Et ass ëmmer de selwechte Prinzip: Et ass eng Demande un de Gemengerot geriicht, fir een Terrain nei opzedeelen, praktesch ëmmer fir en méi effizient ze notzen. Oft ass et een Terrain wou just een Haus steet, dat soll dann ofgerappt ginn, an zwee, heiansdo dräi Haiser ginn dann op deen neien Terrain, deen nei morceléiert gëtt, geplangt. Heiansdo gi verschidde Pazellen vun engem Terrain zesummegeluecht fir en Appartementshaus ze bauen. D’Präisser vum Bauland sin esou héich, datt esou Manöveren sech rentéieren.
Et ass just een Projet refuséiert ginn:
Zu Miersch an der Rue Emile Laux sollt een Haus, dat op enger Eckbauplaz läit, ofgerappt ginn an duerch dräi Reienhaiser ersat ginn. Dat gëtt den Terrain an déi besonnesch Ecklag net hier. D’Grondfläch ging mol net 50 m2 pro Haus ginn, d’Distanzen zur Strooss kéinten net agehale ginn an et gingen dräi Sortien op d’Strooss an enger Kéier ginn. Dat entsprécht net dem Bautereglement, duerfir huet de Gemengerot unanim géint dëse Morcellement gestëmmt.
- Urbanisme: Approbation du projet d’exécution avec convention concernant le plan d’aménagement particulier «Rue de Beringen» portant sur des fonds sis à Mersch au lieu-dit «Rue de Beringen» pour le compte de la société à responsabilité limitée Bouvart S.à r.l. de Mersch
- Eng Residenz mat 8 Wunnenge soll dohinner gebaut ginn (projet vote).
U sech ass näischt dergéint anzewenden, datt op deer Plaz e klengt Appartementshaus gebaut gëtt.
Méi ewéi zwanzeg Joer gëtt schonn un dësem Terrain gedoktert. Leider hat d’Gemeng de Moment verpasst fir selwer de ganzen Terrain hannert der aktueller Crèche « L’Enfant Roi » ze kafen. Dann hätt de Park kënnen erhale bleiwen a mir hätten eng (kleng) gréng Long no bei der Gare behal, am Intérêt vun de Leit aus den Nopeschstroossen an dem ganze Quartier. Datt op dëser ieweschter Spëtzt gebaut gëtt ass u sech kee Problem, wann et awer en ëffentlecht Gebäi wier, da kéint de Park mat alem Bambestand hannert dem Bradkés- Haus ëffentlech genotzt ginn. Esou musse mer dovun ausgoen, datt de ganze Parkmat e puer Haiser vum Promoteur verplangt gëtt (projet planifié). Dat wäert dann eng Kéier esou ausgesinn:

- Proposition de classement comme monument national le site archéologique «Wichtelcheslay», inscrit au cadastre de la commune de Mersch, section G de Mersch sous le numéro 1858/1417 et appartenant à la commune de Mersch
De Kulturministère gesäit een historeschen, archäologeschen an en ästheteschen Notzen fir de Site ze schützen :
Die Abschnittsburg liegt auf einer nach Osten vorgeschobenen Nase des Béisebierg, dem Teil eines Hochplateaus südwestlich Mersch, das vom Reckener Wald bedeckt ist. Die vorspringende Burgkuppe wird im großen Bogen – Hals genannt – von der Eisch umflossen. Felswände und Gehängeschutt steigen vom Tal in zwei Etagen um 80 m in die Höhe.
Charakteristisch für die Anlage und erhalten geblieben sind Teile der ehemaligen Wälle und des Grabens. … An der Erhaltung und Pflege besteht aus wissenschaftlichen Gründen ein öffentliches lnteresse, da diese Anlage wichtige fortifikatorische Funktionen (HM}, als wehrhafter Wohnsitz, zur Sicherung von Verkehrswegen oder als zeitweiliger Zufluchtsort (HHI} für die Bevölkerung erfüllten.
De Kulturministère proposéiert fir déi ganz Parzell ze klasséieren, dat maachen awer insgesamt 75 ha aus. D’Gemeng proposéiert fir deen Deel ze schützen, deen effektiv eppes mat dem historesche Site ze dinn huet. D’Propose vum Kulturministére ass duerfir vum Gemengerot unanim negativ aviséiert ginn.
- Zwee Devisen fir Bëschweeër an d’Rei ze setzen vun zweemol genee 69.088,50 € sinn unanim gestëmmt ginn.
- Désignation de 4 membres pour le comité du nouveau syndicat intercommunal ZAMID (Zone d’activités économiques régionale Mierscherdall um Mierscherbierg)
D’Majoritéit huet proposéiert, datt all politesch Partei, déi am Gemengerot vertrueden ass, e Vertrieder an de Syndikat schécke soll. Natierlech begréisse mir déi Ouverture. D’Vertrieder vun der Gemeng Miersch am interkommunale Sydikat ZAMID sinn:
Romain Miny (CSV)
Michel Malherbe (DP)
Lex Kremer (LSAP)
Claude Adam (déi gréng)
- Association Luxembourg Alzheimer:
a) Approbation de la convention conférant à la commune de Mersch un droit d’admission prioritaire sur 2 chambres de la maison de Séjour et de Soins „Beim Goldknapp“ à Erpeldange sur Sûre
b) Désignation d’un représentant effectif (M. Romain Miny) et d’un représentant suppléant (Mme Joëlle Feller-Wilmes) dans la commission de surveillance.
- Autorisation de collectes à domicile
D’Veräiner plange weider, och wann se am Moment keng Aktivitéite kënnen ausüben. Och 2021 wëllen d’Veräiner d’Buergbrennen organiséieren an d’Mierscher Musek spillt den Hämmelsmarsch um Kiirmessonndeg an deenen eenzelne Sektiounen.
- Demande de subside
Schülerinnen vum Athenée hunn eng Demande gemeet fir ee Subside ze kréien fir ee Flüchtlingslager zu Katerini (GR). Si kréien 250€ vun der Gemeng.
…
De Budget 2021 ass vum Buergermeeschter kuerz virgestalt ginn. Dee gëtt d’nächst Woch votéiert. Da gi mir nach op den Detail an.
No responses yet