Categories:

Mir hunn zu Lëtzebuerg ganz vill schéi Spadséierweeër. Besonnesch gutt gefale mir déi 201 Circuits auto-pédestres. Déi fënnt een an engem bloe Classeur, deen een am Prinzip an all Librairie ze kafe kritt. Déi aktuell Ausgab ass am Moment leider „en rupture de stock“. Enn Januar 2021 soll de Guide awer rëm ze kréie sinn. Et sinn ëmmer Circuiten, dat heescht et kënnt een rëm op deem Punkt un, wou ee fortgaangen ass.

De kierzten Wee ass 4,3 km (Esch-Sauer), dee längsten huet 15,7 km (Wäiswampech I). An der Gemeng Miersch sinn 5 Auto-pédestres gezeechent:  Zu Biereng (5,9 km), Rolleng (6,1 km),  Schëndels (8,8 km), Miersch (9 km) a Miesdref (10,0 km). Et geet also queesch duerch d‘ ganz Gemeng, just zu Récken ass keen esou ee Spadséierwee, do muss een sech da selwer een Tour duerch déi schéi Bëscher sichen.

Miesdref, Auto-pédestre, 10 km

Praktesch iwwerall sinn dës Weeër gutt gezeechent. Natierlech ass mol heiansdo ee Wee net praktikabel, sief et well am Bësch geschafft gëtt, well e Bëschwee oder soss e Wee muss nei gemaach ginn. Extra flott ass et, wann dann eng Deviatioun ausgeschëldert ass, wéi ech dat no Silvester 2020 zu Miesdref gesinn hat. Dat ass e super Service, Merci deene Leit, déi duerfir gesuergt hunn.

Claude Adam

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert