Den Europadag (9. Mee) hu mir zesumme mat eise grénge Kolleegen aus dem Uelzechtdall e Vëlosrallye organiséiert. Et war eng gutt Geleeënheet, eisen Uelzechtdall mam Vëlo am europäesche Kontext kennenzeléieren. Op insgesamt 15 km tëscht Miersch a Walfer hate mir 5 Stänn opgeriicht, wou mir mat eise Matbierger diskutéiert an eis ausgetosch hunn. Dozou hunn mir op all Stänn e Quiz mat Froe proposéiert, déi sech mat „Europa“ an eise Gemenge konkret beschäftegt hunn.
All Sektioun huet fir de Gewënner flott Präisser aus eiser Regioun bereetgestallt, déi mir an den nächsten Deeg iwwerreeche wäerten.
Mir goufe vum Erfolleg vun eiser Aktioun a vum Interessi, datt eis Bierger gewisen hunn, iwwerwältegt. Mir hunn immens villfälteg Gespréicher a ville verschiddene Sprooche geféiert. Mir krute bestätegt, datt eis Gemengen immens international, interkulturell an interreliéis sinn. Europa ass en organesche Bestanddeel vun eisem Gemengeliewen. Datt wäerte mir an eisem zukünftege politeschen Engagement an de Gemenge méi staark mat abréngen. Mir soen allen Bedeelegten, déi eis Vëlosrallye zu dësem Erfolleg gemaach hunn, e grousse Merci. Hei e puer Impressioune vun eiser Vëlosrallye.






No responses yet