Categories:

1. Nomination provisoire d’un agent municipal (m/f) avec la fonction de garde-champêtre, groupe de traitement D2, sous le statut du fonctionnaire communal

2. Personnel enseignant: Propositions d’affectation (liste 1 )

Alles geheim an unanime gestëmmt.

En séance publique:

3. Transformation de 2 postes à tâche partielle de 75% en 2 postes a tâche complète dans la carrière B de l’ouvrier communal sous le statut du salarié

Vote unanime

4. Enseignement fondamental: Approbation de l’organisation scolaire provisoire de l’année scolaire 2021/2022 et du Règlement d’Occupation des Postes (ROP) et d’organisation interne

Theoretesch 863 Schüler (ouni de Précoce) ginn d’nächst Rentrée zu Miersch an d’Schoul. 1663 Stonnen kritt d’Gemeng Miersch fir seng Schoul z’organiséieren (Coefficient d’encadrement 1,9241).

Praktesch sinn awer elo schonn 904 Kanner fir déi nächst Rentrée ageschriwwen. Déi Zuelen wäerte sech nach liicht veränneren, well jo nach Kanner kënnen fortplënneren oder bäiplënneren.

Eng ganz Rei Stonnen kommen do als surplus derbäi:

  • 23 Stonnen fir d’Fuerscherhaus
  • 37,5 Stonnen fir I-EBS (enfants et jeunes à besoins spécifiques)
  • 23 Stonnen Cours d’accueil
  • 18 Stonnen fir Appui lusophone

Cycle 1 :

4 Klassen fir de Précoce :51 Kanner plein temps, 21 mi-temps
13 Klassen fir d’Spillschoul :Moyenne: 16,4 Kanner
Cycle 2verdeelt op Wisestrooss (4 Klassen) an Nic Welter (10 Klassen)
C2.1:    7 Klassen91 Schüler, Moyenne: 13 Kanner
C2.2:    7 Klassen113 Schüler, Moyenne: 16,1 Kanner
Cycle 3d’Klassen fir an den 3.1 ginn nei gemëscht; verdeelt op Cécile Ries (10 Klassen) an Neibau Krounebierg (4 Klassen)
C3.1:  7 Klassen 104 Schüler, Moyenne: 14,8 Kanner
C3.2:  7 Klassen95 Schüler, Moyenne: 13,5 Kanner
Cycle 4all an der Schoul Cécile Ries
C4.1:  7 Klassen110 Schüler, Moyenne: 15,4 Kanner
C4.2:  7 Klassen104 Schüler, Moyenne: 14,8 Kanner

Insgesamt 59 Klassen, also zwou méi wéi d’lescht Joer.

PDS (Plan de développement scolaire) fir d’nächst Joer:

Pistes prioritaires:

  • D’ Mierscher Schoul steigert d’Wuelbefanne vun de Schüler an den Enseignant’e fir ee konstruktivt Léierfeld ze schafen, dat un déi individuell Besoin’e vun de Schüler ugepasst gëtt.
  • D’Mierscher Schoul optiméiert de sënnvollen a verantwortungsvollen Ëmgang mat den  neie Medien an allen Cyclen.

Règlement d’occupation des postes (et d’ordre intérieur):

  • Mat Hëllef vum Ministère a vum Ministère senge Juristen ass dat internt Schoulreglement ugepasst ginn.
  • All zwee Joer sollen d’Klassen nei gemëscht ginn. Dat soll an aller Transparenz geschéien, an duerfir sinn d’Regelen, no deenen dat geschitt, am Reglement festgehalen.

5. Approbation des plans de gestion des forêts communales pour l’année 2022 (présentation par les préposés forestiers)

Plan de Gestion an 3 Volet’en:

  • Exploitatioun vun de Bëscher
  • Naturschutz
  • Tourismus, Pädagogik

Eng ganz Rei interessant Projeten si vum Fierschter ugeschwat ginn, z.B. den Aménagement vu Spazéierweeër duerch de Gemengebësch, d’Uschafen vun enger “Roulotte” pédagogique fir d’Schoul, déi vum Service forestier kann op déi Plaz gestalt gi, wou se gebraucht gëtt. Et steet kee “Wegebauprojet” fir d’nächst Joer un, well ee Moratoire besteet fir zwee Joer laang keng Weeër ze bauen. Dat kann duerchaus problematesch ginn, wann een e Verbindungsstéck wëll an d’Rei setzen.

Op den Aarbechten, déi dëst Joer geplangt sinn, si keng Subsiden virgesinn.

Et ass jo esou, datt de ganze Bausektor z.B. drënner leid, datt keen oder net genuch Bauholz um Marché ze kafen ass. D’Ursaachen dovu schingen allerdings d’Spekulatioun vu ganz grousse Firmen ze sinn, déi ganz vill Holz kaaft hunn an net an de Verkaf gi fir d’Präisser an d’Luucht ze drécken. D’Präisser vum Holz, esou wéi mer et aus dem Bësch zum Verkaf ubidde, sinn zwar méi héich ewéi d’lescht Joer, mee awer net esou héich ewéi een sech dat kéint erwaarden.

Fir d’nächst Joer stinn 1.120.000,00 € Onkäschten géint 530.000,00 € Recetten. D’Recetten bestinn aus dem Verkaf vum Holz (510.000,00 €) an dem Juegdgeld (20.000,00 €).

De Gestiounplang fir 2022 ass unanim ugeholl ginn.

6. Urbanisme: Lotissements de terrains dans des zones soumises a un plan d’aménagement particulier «quartier existant»

  • zu Miersch ginn aus enger Bauplaz der zwou gemeet, an dat gläich op zwou verschiddene Plazen.
  • D’Sœurs Franciscaines deelen hier Proprietéit an der Arelerstrooss an dräi. Do ass mol ee Projet, dee vun der Caritas virugedriwwe gëtt. Dee betrëfft nëmmen een Deel vum Terrain. Een zweete méi klengen Deel bleift an den Hänn vun de Schwësteren, e klengen drëtten Deel gëtt fir Emprise gebraucht.
  • Zu Biereng (rue de la Gare) gëtt ee bebauten Terrain an zwee gedeelt.
  • Zu Pëtten an der Urtelbaach och.

7. Urbanisme: Approbation du projet d’exécution avec convention concernant le plan d’aménagement particulier «Auf dem Ettelbrucker Weg» portant sur des fonds sis à Pettingen au lieu-dit «Urtelbach»

8. Urbanisme: Approbation de la convention ensemble avec les plans d’exécution concernant un projet de construction sur des fonds sis à Reckange au lieudit «Op der Uecht»

9. Proposition de classement comme monument national du moulin d’Essingen avec barrage et canal.

De Proprietaire ënnerstëtzt déi Demande.

10. Proposition de classement comme monument national des immeubles sis 22, rue du Château à Pettingen.

De Proprietaire ënnerstëtzt déi Demande.

11. Approbation du devis pour le réamenagement de l’École Cecile Ries à Mersch

Déi al Maison relais (Kichen, Iesssäll, Openthaltsraim ginn transforméiert. All Säll, déi net normal Klassesäll sinn, kommen an de Rez-de-jardin. Sou kënnt och déi aktuell Bibliothéik an den Sous-sol – wat ech e bësse bedaueren. D’Bibliothéik luch bis elo zentral an der Schoul.

149.000,00 € sinn unanime gestëmmt ginn, mee do kënnt bestëmmt nach eppes no.

12. Approbation du devis pour la confection de trottoirs et la refection de la voirie à différents endroits de la commune de Mersch 250.000,00€

13. Approbation de contrats, conventions et actes

14. État des restants à recouvrer de l’exercice 2020

D’Propositioun vum Receveur, datt 12.274,64 € vun den insgesamt geschëlten 304.842,23€ net kënnen zréck bezuelt ginn, ass unanime ugeholl ginn.

15. Fixation des taux de l’impôt foncier et de l’impôt commercial pour l’exercice 2022

Alles bleiwt d’selwecht wéi am Joer 2021.

16. Circulation:

a)         Modification du règlement général de circulation

b)         Confirmation de règlements de circulation temporaires

17)       Commissions communales: remplacement de membres

18)       Communications du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers

Den 22. Juli ass eng Feier zum Nationalfeierdag, mat klengem Cortège an Te Deum. Awer et gëtt kee Patt a kee Freedefeier. Et soll alles am kleng Krees bleiwen.

D’Méchels-Brasserie zu Miersch op der Maartplaz soll am Hierscht opgoen. Et sinn zwar scho laang Gespréicher mat engem méiglechen Bedreiwer, mee et ass nach näischt definitif festgehal.

Gréng Froen:

  • Beliichtung vun der Kiirch: Do ass d’Gemeng zoustänneg. Wéi laang ass se owes beliicht? D’Mierscher Kiirch ass ideal fir d’Fliedermais an et wier wichteg wann d’Beleuchtung schonn um 10 Auer an net réicht um 11 Auer ging ausgoën.

Claude Adam

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert