D’Ëmweltverwaltung schreiwt den 15.06.2021 um sozialen Reseau ënnert dem Hashtag #soilfacts, datt et wichteg ass, eise bestoend Biedem zu schützen, weider opzubauen an net zu zerstéieren.

Zu #Miersch hu mir déi beschte Biedem um Mierscherbierg, genee do, wou an e puer Joer d’ZAMID, eng gemengeniwwergräifend Industriezone, an de Campus sportif sollen entstoen. Datt heescht, eise bescht Akerflächen ginn op Hektaren zoubetonéiert, de Buedem gëtt op eng Deponie gefouert an ass esou fir ëmmer verluer.
Mir wëllen awer net falsch verstane ginn. Mir sinn net géint d’ZAMID oder nei Sportinfrastrukturen hei zu Miersch. Mee mir wëllen och eis natierlech Ressourcen net mutwëlleg zerstéieren. An der Mierscher Ëmweltkommissioun hu mir dee Sujet schon eng Kéier diskutéiert an no Léisunge gesicht. Et kéint een déi fruchtbar Buedemschicht um Mierscherbierg ophuelen an op anerere Plazen, déi ze definéire wären, erëm verdeelen oder stockéieren, fir datt si notzbar bleiwt. Dat schéngt op den éischte Bléck vläicht utopesch oder kostspileg, mee mir sécheren domat wäertvoll Ressourcen fir d’Zukunft, bei deenen et méi deier wier, si an der Zukunft nei ze generéieren.
Alexander Jolivet
No responses yet