Categories:

Wann an der Politik iwwert de Budget diskutéiert gëtt, da gëtt ganz gäre vill schwaarz-wäiss gemoolt : D’Majoritéit fënnt alles gutt a stëmmt fir de Budget, d’Oppositioun fënnt alles schlecht a stëmmt dergéint.

Besonnesch an der Gemengepolitik kann een déi Debatten awer och e bësse méi nuancéiert ugoen. An der Gemeng Miersch z. B. stëmmt d’Oppositiounspartei LSAP scho jorelaang de Budget vun der Majoritéit mat. Mam Sprooch: “Ech wéisst och net wat ech do géing anescht maachen”, huet hire Vertrieder och dëst Joer säin Accord zum Budget ginn. Déi gréng notzen d’Budgetsdebatt, fir ee Réckbléck iwwert dat lescht Joer ze maachen, eng Rei wichteg Projete vun der Gemeng ze kommentéieren an ee Bléck op d’Erausfuerderungen ze werfen, déi op eis zou kommen.

Déi finanziell Situatioun vun der Gemeng Miersch ass exzellent. Am ordinäre Budget gëtt fir 2022 mat engem Iwwerschoss vun 12,8 mio gerechent, wat eng pessimistesch Schätzung ass. D’Gemengeschold beleeft sech fir dat selwecht Joer op 7,5 mio.

Dat ass natierlech kee Grond fir d’Suen zur Fënster erauszegreien. Et sti grouss Projete virun der Dier an d’Entreprise “Administration communale » selwer gëtt ëmmer méi grouss an ëmmer méi deier. D’Zuel vun den Awunner ass an deene leschte 15 Joer vu 7.000 op 10.000 gewuess. Mir hunn all eng Anung, wéi dat an den nächste Jore weidergeet: e.a. Miersch Zentrum a Quartier Rive d’Alzette wäerte fir ee verstäerkte Wuesstem vun der Populatioun suergen. An deene selwechte 15 Joer sinn d’Frais du personnel communal vun 3,3 mio op 9,8 mio eropgaangen. Mir erwaarden eis, datt och an deenen nächste Jore weider Personal gebraucht an agestallt gëtt, an domat déi Käschte weider an d’Luucht ginn.

Déi gutt finanziell Situatioun erlaabt et awer, eng nohalteg Investitiounspolitik an der Gemeng Miersch ze maachen.

Och 2021 war d’Corona Pandemie ee Faktor, deen d’Zesummeliewen an d’Zesummeschaffe staark beaflosst huet. D’Gemeng kann d’Pandemie net eleng léisen, si ka just matspillen a Responsabilitéit do iwwerhuele, wou se der huet. Am Allgemengen si mir der Meenung, datt déi aktuell Majoritéit hier Roll hei gutt spillt. Mir kruten och verséchert, datt d’Gemengepersonal praktesch vollstänneg mat op de Wee vun der Impfung gaangen ass, datt keng Leit an deem Kontext an de Krankeschäi geflücht sinn. Mir maachen eis awer Suergen ëm d’Gesondheet vun eise Matbierger, virun allem vun eise jonke Matbierger. Mir hätten eis gewënscht, wann am Budget och e Poste virgesi wier, fir d’Gespréich an d’Participatioun mat deene Jonken ze sichen. Och si riskéieren an eng Isolatioun ze kommen, déi psychologesch Belaaschtung duerch d’Pandemie sollt net ënnerschätzt ginn. Mir sollten eiser Jugendkommissioun e Budget ginn, datt si Spezialiste consultéiert fir iwwert eng méiglech Campagne am Interessi vun de Kanner a Jugendleche ze diskutéieren, an esou  eng Campagne ze plangen an auszeféieren. Mir hunn zu Miersch dräi Lycéeën, eng Regionaldirektioun vum Fondamental an e Kannerduerf, u psychologesch geschoulte Spezialisten dierft et net feelen.

Ee weidert markant Evenement waren d’Iwwerschwemmungen am Juli 2021. D’Gemeng huet och hei nëmme ganz begrenzt Méiglechkeete fir ze handelen, wéi mer an enger Aarbechtssëtzung vum Gemengerot festgestallt hunn. An awer hate mer eis hei däitlech Signaler am Budget 2022 erwaart: Misste mer net d’Bauprojeten am Zentrum vu Miersch iwwerschaffen? Mir hunn ee Moratoire iwwert e gréissert Gebai am Zentrum verhaangen, well mer net genuch Parkplazen am Projet fonnt hunn. Wéi hu mer op d’Situatioun no den Iwwerschwemmunge reagéiert, wat déi vill grouss Bauprojeten am Zentrum vu Miersch betrëfft? Misste mer net och ee Budgetsposten hunn, fir eng systematesch Oplëschtung vun de Mazoutsheizungen an de potentiellen Iwwerschwemmungsgebidder ze maachen a Subside virgesinn fir déi Heizungen duerch besser Alternativen z’ersetzen? Mir fannen zwar bescheide Mëttelen am Budget fir eng Renaturéierung vun der Mamer, eng Renaturéierung vun der Uelzecht a vun der Äisch fanne mer net am Budget.

Am November 2021 war d’COP 26 zu Glasgow: Et sinn net just déi grouss Natiounen, déi responsabel fir Klimaschutz sinn. Mir sinn et all, mir als Gemengepolitiker am Besonneschen. Mir hunn natierlech och mat Interessi déi vill Säiten aus der Budgetspresentatioun vun der leschter Woch zur Kenntnis geholl, déi ënnert der Ënnerschrëft « Budget écologique » stinn. Mir erkennen déi Ustrengunge vum Schäfferot un, fannen déi Oplëschtung allerdéngs net ganz serieux. Wa mer nei Stroosseluuchten opriichten, da sinn et natierlech méi spuersamer ewéi di al. Eng nei Chrëschtbeleuchtung ass méi spuersam wéi déi al. Dat ass net de Verdéngscht vun der Mierscher Majoritéit.

Esou laang wéi mer vum Buergermeeschter gesot kréien, wa mer froe fir och an der Gemeng Miersch ëffentlech Blummewisen unzeleeën : Ma da kaaft iech eng Wiss an da loosst dir Blumme wuessen, esou laang wéi d’Beméiunge fir d’Erhale vun der Biodiversitéit als gréng Spënnereien ofgekanzelt ginn, hu mir keng Hoffnung, datt déi aktuell Majoritéit et eescht mengt mat der Klimapolitik.

Ech fannen et perséinlech penibel an traureg, wann eng Rei vun eise Kolleegen all Kéiers mengen de Kapp mussen ze rëselen, wat et em de Schutz vum Milan, vu Fliedermais, Insekten, Flora a Fauna geet. Eigentlech misste mer all besser Bescheed wëssen, iwwert d’Zesummenhäng an der Natur an hier Auswierkungen op de Mënsch.

An der Gemengepolitik gëtt gären driwwer geklot, datt de Staat bei alle Projete gäre matschwätzt an draschwätzt. Natierlech gëtt et an all Verwaltung Beamten, déi penibel sinn, déi Gesetzer heiansdo no hirer eegener Laun a Gemittslag interpretéieren. Dat wëlle mir weeder gutt halen nach entschëllegen. Dat betrëfft natierlech den Ëmweltministère, mee awer och vill aner Verwaltungen. Datt de Staat prinzipiell ee Matsproocherecht huet, fanne mir awer zimmlech normal: 75% vun eisem Budget kommen iwwert d’Dotation de l’État. Mir plange schéin nei grouss Gebaier (Schoulen, Konferenzzentren, Sportshalen asw.) – a kréien déi selbstverständlech anständeg vum Staat subventionéiert. Et schéngt eis logesch, datt och Gemengepolitik nëmmen an enger regionaler, nationaler esouguer internationaler Rumm ka spillen. Datt d’Gemengenautonomie hier Grenze gesat kritt, fanne mir duerchaus normal.

Mir hunn 2021 de pacte logement ënnerschriwwen. Mir sinn da mol gespaant, wat eis an den nächste Joren an dem Beräich erwaart. Mir wëssen, datt et net ouni staatlech Hëllef geet. Mir denken awer och, datt d’Gemengeresponsabelen hei selwer mussen aktiv a kreativ ginn. Wéi gesäit et mat dem Ukaf vun Terrain’en fir Wunnengsbau aus ? Ass dat eng Optioun ? Loosse mer alles iwwert d’SNHBM maachen ? Muss d’ëffentlech Hand duerch de Bau vu Wunnengen, déi zu engem soziale Loyer op  Maart kommen, op de Wunnengsmangel reagéieren ? Wier et net och eng Méiglechkeet, eng nei Zort vu Loyerskommissioun ze schafen ?  Wier et net sënnvoll, wann d’Gemeng Miersch sech géing Strukture ginn, fir ee Pool vu “Mietwunnengen” opzebauen? De Budget weist keng esou Pisten op. Mir kéinten eis esou ee Wee virstellen, allerdéngs géing dat just an enger enker Zesummenaarbecht vun de Gemengen aus dem Uelzechtdall klappen. De Wëlle fir esou eng Zesummenaarbecht ass zur Zäit awer leider net ze fannen. Do brauche mer warscheinlech eng nei Politikergeneratioun fir e bësse manner Kierchtuurmpolitik an e bësse méi Kooperatioun ze kréien.

De Mierscher Park ass eis alleguer wichteg:  Fir d’Iwwerschwemmungsschied, déi net iwwert eng Assurance lafen, musse mer opkommen, keen Zweiwel. Op mer een neien Tuerm fir 300.000€ brauchen, wéi en elo am Budget steet, do hu mir eis Zweiwel.

Mir hu scho méi ewéi eng Kéier gefrot, fir een Aarbechtsgrupp anzesetzen: Wéi soll de Mierscher Park an 10 Joer, an 20 Joer ausgesinn? Roueg Plazen, beliefte Plazen, Douce Mobilitéit, Sport, Spillplazen, Natur… Wéi a wéini soll de Park vergréissert ginn ? Wéi gesäit et mat der Gastronomie am Park aus, wéi mat de Parkplaze beim Park? Do sollen all Gemengevertrieder sech zesummen driwwer ausschwätzen. Dat ass  ee Projet, wou eng méiglechst breet Participatioun vun allen Awunner erwënscht misst sinn!

Wat d’Geschäftsstrooss an der Rue Grande-Duchesse betrëfft, do erwaarde mir eis konkret Initiativen vun der Gemeng. Immobilien kafen ass bestëmmt dee schwieregsten Deel. Mee do ass eis Majoritéit ganz gutt dran, a mir hunn bis elo als Oppositioun nach all Acquisitioun matgedroen. Mir bräichten elo awer och ee Konzept, wéi d’Rue G-D Charlotte soll ausgesinn. Weider Geschäfter, wéi eng? Just Bistro an Restauratioun? Wa mer scho kee shared space fir Autoe kréien, da vläicht ee shared workspace deen d’Gemeng initiéiert? Och am Hibléck op d’Entwécklung vun dem Quartier Alzette, wou ass an 10 Joer den Zentrum vun der Uertschaft Miersch? Viru Joren hate mer eng consultation rémunérée iwwert d’Entwécklung vum Zentrum vu Miersch initiéiert. Elo wou et em d’Realisatioun geet, huet d’Majoritéit keng Phantasie a keng Initiativ méi.

D’Majoritéit huet an de leschte Joren eng ganz Rei Projeten lancéiert, wou mer Problemer hunn:

D’Gemeng Miersch baut eng zweet Piscine: Mir waren a sinn der Meenung, datt et duer geet, wann d’Gemeng d’Gestioun an d’den Defizit (mir beweegen eis op 2 mio zou) vun enger kommunaler Piscine iwwerhëlt. Bei dräi Lycéeën ass et um Staat fir eppes fir de Schwammsport ze maachen.

Mir sinn net frou iwwert den Ausbau vum Mierscher Kierfecht. Mir hätten eis eng méi naturno Gestaltung vum Kierfend gewënscht. Eis Iwwerleeungen zu engem Bëschkierfecht ginn net vun der Majoritéit gedeelt.

De Gemengebuet gëtt iwwert de Budget ordinaire bezuelt, gëtt awer just de Conseilleren vun der Majoritéit eng Stëmm. Mir haten an engem Gemengerot gefrot, op all Member vum Gemengerot, also net just déi vun der Majoritéit, à tour de rôle kéint ee Virwuert schreiwen. D’Äntwert war: Nee!

Wann d’Gemeng Miersch “Panneaux informatiques » wëll opriichten, dann dauert dat jorelaang.

Am Beräich Schoul a Schoulplanung ginn eis Iddie jo leider permanent ignoréiert. Kuerz a sécher Schoulweeër kréie keng Lobby zu Miersch. Am Beräich “Pedibus” gëtt zwar e bësse ronderëmgedoktert, eng Strategie a Fortschrëtter gesi mer keng.

Der Fërderung vun der doucer Mobilitéit gëtt kaum Bedeitung zougemooss. Mir freeën eis, datt no méi ewéi zwanzeg Joer endlech d’Vëlospiste op Schëndels konnt ageweit ginn. Mee Vëlosweeër am kommunale Raum, déi de Wee an d’Schoul oder op d’Schaff géinge sécher a schnell maachen, si fir déi aktuell Majoritéit keen Thema. Mir hunn eis Roll als Oppositiounspartei wouer geholl a géint de Budget extraordinaire 2022 gestëmmt.

Claude Adam

Tags:

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert