Déi aktuell Kräizung an der Entrée vu Schëndels ass zimmlech geféierlech. Schonns eng Rei Accidenter sinn do passéiert. Duerfir hunn d’Ponts&Chaussées geplangt, an der Entrée vu Schëndels (wann ee vu Miersch kënnt), ee Rond-point ze bauen. Eng éischt Variant hat en direkte Bypass, direkt virum eigentleche Rond-point, a Richtung Kielen virgesinn.
E.a. och op eis Interventioun hin, steet déi Variant awer mëttlerweil net méi zur Diskussioun. D’Realisatioun vun dëser Variant hätt e groussen Impakt op de Bësch gehat, et hätt misste vill vum Hang ewechgebaggert ginn, an dann opwändeg befestegt ginn. Och beim aktuellen, méi klenge Rond-point Projet konnten preliminär Ëmweltetudën een Impakt ob d’Natura 2000 Zone an eventuell geschützten Aarten net ausschléissen. Duerfir sinn Enn 2021 méi déifgräifend Ëmweltetudën bei engem agreéierte Büro an Optrag gaangen. De Projet ass am Moment um Level vun engem APD (avant-projet détaillé).

Mir froen eis, op et net sënnvoll wier, d’Vitesslimitatioun vu 70 op 50 km/h scho virun der geféierlecher Kräizung anzeféieren, anstatt wéi bis elo eréischt e puer honnert Meter hannert der Kräizung. Dat wier op alle Fall eng einfach a präiswert Mesure, fir d’Kräizung méi sécher ze maachen.
Claude Adam
No responses yet