Fir déi nei Industriezon um Mierscherbierg (ZAMID), awer och an Hibléck drop, datt um fréieren Terrain vum Agrozenter geschwë massiv Wunnenge gebaut ginn, ass den Ausbau vun der Route de substitution vum Rond-Point Mierscherbierg op Biereng iwwert d’Eisebunn an d’Uelzecht ëmmer méi dringend.
D’Pläng fir eng Ëmgeeungsstrooss vu Miersch op Bering (vun der RN7 op den CR123) ze bauen ginn ëmmer méi konkret. D’Etuden befannen sech momentan um Niveau vun engem detailléierte Viirprojet (APD).
De Projet ass an dräi Lousen opgedeelt :
- Den Uschloss un d’RN7 op Héicht vum Kreesverkéier Echangeur Mierscherbierg
- De Mëtteldeel laanscht déi nei Aktivitéitszone (ZAMID, zones d’activités économiques régionales Mierscherdall)
- Den ënneschten Deel mat engem Viadukt iwwert d’Gleiser an d’Uelzecht.

D’Opdeelung op 3 Lousen erlaabt et, méiglechst schnell mat der Erschléissung vun der Erweiderung vun der Aktivitéitszone (ZAMID) weiderzekommen. Déi technesch Studien um Tracé sinn esou wait ofgeschloss. Ee Problem sinn am Moment nach d’Emprisen, wou nach mussen Terrainen kaaft ginn. Et schingt nach net ganz kloer, op déi Emprisen sech op 5 Meter laanscht Strooss limitéieren oder eventuell bis op 20 Meter mussen ausgeluecht ginn. An deem Fall dierft et ganz schwéier ginn, mat de betraffene Proprietairen eens ze ginn. Wa keng gréisser Problemer méi optauchen, da kéint fréistens 2023 de Projet an d’Soumissioun goen, an déi zwee iewescht Lousen sollen bis 2030 a Betriib goën, den drëtte Lous mam Viadukt soll 2035 realiséiert sinn.
Mir hunn eis iwwert den Tracé vum Vëloswee duerch d’Aktivitétszone, iwwert verschidden Ëmweltetüden par rapport zum rouden an dem schwaarze Milan informéiert an hunn d’Verwaltung drunn erënnert, datt d’Pläng vun den Emprisen scho laang ugekënnegt sinn, awer bis haut nach net op der Mierscher Gemeng ukomm sinn.
Claude Adam
No responses yet