D’Vëlospiste vu Miersch op Schëndels ass jo d’lescht Joer endlech fäerdeg gestalt ginn. Elo froe mer eis natierlech, wéi et vu Schëndels aus weider geet.

Dës Vëlospiste ass een Deel vun dem geplangte PC14. Si soll den PC 13 (dee vu Klengbetten op Stroosse geet) mam PC15 (Vëloswee duerch den Uelzechtdall) verbannen, also vu Mamer op Miersch féieren. D’Ponts&Chaussées schaffen un de Pläng fir vu Schëndels op Koplescht ze kommen (Avant Projet Sommaire).
Et lafen och eng ganz Rei Ëmweltetuden, well mer eis hei an enger NATURA 2000 Zon befannen, a well de Wee duerch Quelleschutzgebidder féiert. Dat ass also reng ëmwelttechnesch ee schwierege Projet. Et sinn awer och op Gemengenniveau Bestriewungen, fir de Projet virun ze bréngen. D’Buergermeeschtere vu Keelen a Miersch ware schonn am Transportministère virstelleg, fir op d’Wichtegkeet vun deem Projet hinzeweisen.
Claude Adam
No responses yet