De Verkéier zu Miersch huet sech verlagert : Ëmmer méi Autoe kommen aus der Arelerstrooss, e bësse manner kommen der vun der Colmerstrooss. D’Gemeng huet Iddie fir de Verkéier op der Stäreplaz anescht ze gestalten, wéi gesäit de Minister an seng Administratioun dat?
D’Gebai vun der Banque Générale(X) soll ofgerappt ginn an duerch een Neibau ersat ginn. Wéi dat nu mol haut esou ass, soll de Maximum realiséiert ginn, deen den Terrain zouléisst. De Gemengerot huet een éischte Projet vun engem Promoteur blockéiert, well en der spezieller Situatioun vum Héichwaasser op der Plaz keng Rechnung gedroen huet.

D’Gemeng huet selwer ee PAP ausgeschafft, dee Projet läit elo vir, an iwwert deenen Aarbechten ass och d’Iddi gewuess, fir de Verkéier op der Stäreplaz anescht ze leeden. Duerch d’Of- an Opfaart vun der Autobunn op der Arelerstrooss kënnt ëmmer méi Verkéier vun der Reckener Säit. Och duerch d’Autobunn (an de geplangte Réckbau vun der RN7) soll manner Duerchgangsverkéier vum Mierscherbierg kommen. Um Plang, deen d’Gemeng proposéiert, gëtt dëser Entwécklung Rechnung gedroen.
Déi Ëmgestaltung vun der Kräizung géing et allerdéngs schwéier bis onméiglech maachen, datt gréisser Camione kéinte vun der Colmerstrooss an d’Arelerstrooss abéien. D’Administratioun vun de P&Ch. gesäit dat net als grousse Problem. Mee leider gesäit d’Administratioun awer net direkt eng Prioritéit fir dee Projet, esou datt nach net esoubal mat senger Realisatioun ze rechnen ass.
No responses yet