Hei zu Lëtzebuerg besteet onbestreitbar en extreme Besoin u Wunnraum, immens vill Leit siche fir eng Wunneng ze kafen oder ze lounen.
De Projet Bouvart huet eng gutt Lag, no bei der Gare, beim Veloswee, de Commercen, dem Park, dem Zentrum vu Miersch …

Mee hei hu mer keng einfach Parzell Wiss, e Feld, oder en Terrain vague, wou lotisséiert gëtt, hei hu mer op engem Terrain vun +- 83 a ee schéine Park mat zum Deel iwwert 100 Joer ale Beem, Hecken a Straicher. De Park ass e grousse schützenswäerte Biotop mat enger Panoplie vu Planzen an Déieren: den Uhu, de Rotmilan, mee besonnesch 5 Arte Fliedermais si sécher nogewisen, da gëtt et och nach Hiweiser op 2-4 weider Arten. An enger ‚Fledermauskundlichen Untersuchung zur Neuaufstellung des PAG der Gemeinde Mersch‘ vun 2015, an déi ass och haut nach gülteg, vun der Gemeng selwer an Optrag ginn a vun der Bürogemeinschaft Gessner/Harbusch ausgefouert, gouf festgehalen: ‚Die Wertigkeit des Arteninventars der Planfläche M4 ist im Vergleich mit anderen Planflächen der Gemeinde als hoch einzustufen. … Wir empfehlen deshalb, von einer Bebauung der kompletten Planfläche M4 abzusehen. Lediglich im Norden und Süden der Fläche ist eine Bebauung auf Grundlage des PAP zulässig.‘
Wann dee Projet esou duerchgezu gëtt, wéi et virgesinn ass, bleiwt vun dem, wat iwwert méi wéi 100 Joer entstanen ass, näischt iwwreg. En ale Park mat wäertvollem Biotop gëtt an engem Daag plattgemaach, d’Déieren sinn da mat fort, da brauch ee sech och keng Gedanke méi iwwer Fliedermais ze maachen.
Am ‚Rapport justificatif‘ vum Projet steet: ‚Ainsi, il est nécessaire de mettre en place des mesures compensatoires comprenant des restitutions de biotopes de valeur écologique au moins équivalentes aux biotopes protégés réduits, détruits ou détériorés. Ces mesures seront mises en place et effectives avant la destruction des biotopes présents initialement sur le site du projet.‘

Le site de compensation est la parcelle 32/2297 de 50 a à Beringen, à 700 m du PAP ‚Bouvart‘. Elle se situe à proximité du maillage écologique utilisé par les chauve-souris.‘
Den Ëmweltministère gëtt och d’Virgab, dass eréischt mat den Aarbechten däerf ugefaang ginn, wann d’Liewensraim kompenséiert gi sinn an déi verschidden Arten déi nei Plazen ugeholl hunn, wat schwiereg dierft ginn a sécherlech laang dauert. Gëtt dat objektiv kontrolléiert, hoffentlech net nëmme vum Promoteur?

Da sollen um Site ‚Bouvart‘ nach Hecken a Beem geplanzt ginn, e Mare ugeluecht gi mat enger morer Wiss.
Wann een alles dat wees, a soss sinn esou Etuden de Pobeier net wäert wou se néiergeschriwwe sinn, firwat onbedingt sou e sensiblen Terrain wëlle ganz zoubauen mat 16 Logementer – 1 Immeuble mat 4 Wunnengen, 4 Maisons jumelées an 8 Eenzelhaiser? Do hëlleft et och näischt, wann en ‚Espace-rue rigide et monotone‘ an d‘ ‚Surfaces scellées‘ reduzéiert ginn, ‚Jardins minéraux‘ verbueden an den Daach vun deene Këschten begrünt gëtt.
29 Leit aus der Bouvart- an der Servaisstrooss, dem Bierengerwee, deenen et bestëmmt net nëmmen em NYMBY geet, hu géint de Projet, wéi en elo soll verwierklecht ginn, reklaméiert. Hir Reklamatiounen gi vum Fong hier als recevabel deklaréiert, awer just wat de Scellement vun de Surfacen an den Trafic ugeet.

Awer kee Wuert zu de wichtegsten Objektiounen betreffend de ‚Volet environnemental‘! Déi ginn am Kader vun de ‚Procédures d’autorisation environnementales respectivement au niveau de la convention du projet d’exécution‘ traitéiert, an dat depasséiert de Moment de ‚Cadre réglementaire‘ an anscheinend och d’Kompetenze vun der Gemeng. Kann een dann à ce Stade dee PAP iwwerhaapt stëmmen, mat esou vill Inconnuen, besonnesch an deem Domaine?
Hätt een hei net kënne méi eng douce Bebauung maachen, manner Haiser, wéinistens en Deel vun deenen ale Beem oder soss Vegetatioun stoe loossen an integréieren? Dat géif och méi Liewensqualitéit, méi Rou bedeite fir déi nei Awunner, mee och fir d’Leit an der Servais- a Bouvartstrooss.
Esouguer hätt een dat Lotissement kënnen autofräi gestalten, mee wat këddelt dat schon e Promoteur?
Mir brauchen natierlech vill Wunnraum. Niewendrunn op de Rives de l’Alzette entsteet vill Wunnraum, fir em déi 2000 Leit, an dat op villen anere Plazen an der Gemeng. Dee Park ass jo och eng gring Long, e gringe Puffer just en vue vun deem neie Quartier op der Gare.
An dann de Verkéier net ze vergiessen, besonnesch duerch deen neien Accès ënnen an der Rue Bouvart, just bei der Mündung an d’Rue de la Gare, direkt bei der Kräizung mat roude Luuchten fir op d’Bréck oder Richtung Zentrum vu Miersch. Do si gehéierlech Kniet an Nuisance virprogramméiert.
Aus all deene Grënn, an et kéint een nach weiderer opféieren, wäerte mir gréng dee Projet esou net matstëmmen a mir hoffen, dass och nach aner Leit am Gemengerot sech nach weider Gedanke maachen, firwat net e Moratoire fir dësen interessanten, sensible Site?
Reckinger Jhemp
No responses yet