D’Aloyse Kaiser Haus steet ze no bei de Schinnen, allerdéngs ass dat scho méi ewéi honnert Joer esou. D’Eisebunn well et ewech rappen. Mir wëllen et stoe loossen an eppes draus maachen.
Och wann an der Äntwert op eng Question parlamentaire an an der Press ëppes anescht stoung: D’Aloyse Kayser Haus gëtt net ofgerappt.
D’Haus ass protegéiert, an de Buergermeeschter vu Miersch misst eng Demolitioun geneemegen. De Buergermeeschter sot, hien géing dat net maachen, an en huet dobäi d’Ënnerstëtzung vum ganze Mierscher Gemengerot.
Bleift natierlech d’Fro, wat dann elo mam Kayser Haus soll geschéien? Grad just well et esou no bei de Schinne steet, musse speziell Sécherheetsmesuren ergraff ginn. Eng Renovatioun fir Wunnzwecker schéngt net méiglech ze sinn. Well et schwiereg ass, eng sënnvoll Destinatioun fir d’Haus ze fannen, war d’Ofrappen als déi einfachst Léisung ugesi ginn. Mir erwaarden eis, datt mat Hëllef vun der Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch, awer och mat Abannung vun de Frënn vun der doucer Mobilitéit (d’Haus läit un der Vëlospiste) eng flott an nohalteg Renovatioun an d’Wee geleet gëtt.
No responses yet