Eng Rei Gemengen (Luerenzweiler, Walfer a Steesel) hu schonns e positiven Avis zu de Pläng vum Ministère fir d’RN7 méi Foussgänger- a Vëlo-frëndlech ze gestalten, ofginn. Duerfir sinn do d’Pläng vum Réckbau vun der RN7 mëttlerweil um Niveau vun engem APD (avant-projet détaillé). Och Lëntgen huet sech rezent positiv zu dem geplangte Réckbau vun der RN7 ausgeschwat. D’Pläng sollen nach dëst Joer op APD Niveau gesat ginn. Miersch huet bis elo ëmmer negativ reagéiert, duerfir sinn hei d’Pläng och nach ëmmer op APS (avant-projet sommaire) Niveau.

Déi Ofleenung vun de verkéiersberouegende Mesuren duerch déi aktuell Majoritéit vun der Gemeng Miersch huet an éischter Stell negativ Konsequenze fir d’Awunner vu Bierschbech a Rolleng. Mesuren déi d’Liewens- a Wunnqualitéit an dësen Uertschafte géingen eropsetzen, ginn nach esou bal net realiséiert. De gesamte Projet u sech, leit net extra ënnert der negativer Haltung vun der Mierscher Gemeng. Et ass geplangt, mat deene Gemengen ze schaffen, déi de Projet ënnerstëtzen. De Minister wëll nach an dëser Legislaturperiod d’Ëffentlechkeet iwwert de Stand vum Projet informéieren. Et kann een dovun ausgoen, datt de Réckbau vu Walfer ausgeet an sech dann a Richtung Miersch beweegt. Op a wéini déi Tranche vu Miersch da realiséiert gëtt, hänkt dee Moment virun allem vun der Mierscher Majoritéit am Gemengerot of.

Claude Adam

Hinterlasse einen Kommentar