De 27. Januar 2022 ass eng Delegatioun vun déi gréng Miersch vum Minister François Bausch (e.a. Ministre de la Mobilité et des Travaux publics) an e puer vu senge Beamten um Kierchbierg emfaang ginn. Vu Miersch waren déi dräi Conseilleren, Mariette Weyrich, Jhemp Reckinger a Claude Adam mam Alexander Jolivet, dem President vun der Sektioun, ugetrueden.
Mir wollten eis iwwert eng ganz Rei Dossieren, déi d’Gemeng Miersch betreffen, informéieren:
- D’Kräizung an der Entrée vu Schëndels. Hei ass geplangt, ee Rond-point ze bauen, well déi aktuell Kräizung zimmlech geféierlech ass, a schonns eng Rei Accidenter do passéiert sinn
- Wéi steet et mam Réckbau vum der RN 7 am Uelzechtdall? Nodeems eng Rei Gemengen (Luerenzweiler a Walfer) schonn e positive Avis ofginn hunn – Miersch huet bis elo ëmmer negativ reagéiert, wollte mer wëssen, wéi et an deem Dossier ging viru goen.
- Fir déi nei Industriezon um Mierscherbierg (ZAMID) awer och a Hibléck drop, datt um fréieren Terrain vum Agrozenter geschwë massiv Wunnenge gebaut ginn, ass den Ausbau vun der Route de substitution vum Rond-Point Mierscherbierg op Pëtten a Biereng iwwert d’Eisebunn an d’Uelzecht ëmmer méi dringend.
- D’Vëlospiste vu Miersch op Schëndels ass jo d’lescht Joer endlech fäerdeg gestalt ginn. Elo froe mer eis natierlech wéi et vu Schëndels aus weider geet.
- D’Aloyse Kaiser Haus steet ze no bei de Schinnen, allerdéngs ass dat scho méi ewéi honnert Joer esou. D’Eisebunn well et ewech rappen. Mir wëllen et stoe loossen an eppes draus maachen.
- De Verkéier zu Miersch huet sech verlagert : Ëmmer méi Autoe kommen aus der Arelerstrooss, e bësse manner kommen der vun der Colmerstrooss. D’Gemeng huet Iddie fir de Verkéier op der Stäreplaz anescht ze gestalten, wéi gesäit de Minister an seng Administratioun dat?
- De Contournement Miersch belaascht vill Mierscher Wunnvéierelen duerch Kaméidi. Virun allem d’Of- an d’Opfaart fir op Récken si geféierlech. Misst een do op dëser do Streck net d’Vitesse limitéieren?
Mir wëllen iech hei op eisem Blog an deenen nächsten Deeg méi detailléiert iwwert eis Entrevue mam Minister Bausch informéieren.
Claude Adam
No responses yet