Categories:

Eis Gemeng ass an deene leschte Jore vill gewuess, wat een Impakt fir eist Zesummeliewe mat sech bréngt. Mat 15 Kandidatinnen stinn dofir och dës Kéier zwou Persoune méi op de Parteilëschten zu Miersch, wéi nach 2017. déi gréng Miersch sinn hei gutt opgestallt mat 8 Männer a 7 Fraen, mat enger Altersmoyenne vun 41 Joer.

D’Ekipp huet eng gutt Mëschung zwësche 9 politesch erfuerenen an 6 weidere motivéierte Biergerinnen, mat verschiddenen Originnen a mat Kompetenzen aus ganz diversen Aarbechtsberäicher. Zesumme mat alle Matbierger*innen, deene eng gesond Liewensqualitéit um Häerz läit, sëtze mir eis fir eng méi klima- a biergergerecht Gemeng an.

Eng nei Duebelspëtzt mat hire Kandidat*innen fir d’Gemengewalen 2023

D’Cecilia BEIRÃO an de Felix BEMTGEN leeden d’Ekipp als Spëtzekandidat*in a ginn esou fir zweet mat an d’Gemengewalen zu Miersch.

Kandidatinnen:

  • Cecilia Beirao, 46, assistante sociale
  • Felix Bemtgen, 30, product manager
  • Aida Carrico, 56, Femme de charge
  • Batty Gallion, 33, sociologe
  • Marcel Gengler, 39, senior cabin crew member
  • Gilles Heinisch, 44, indépendant
  • Julie Hoffmann, 22, étudiante de médecine
  • Alexander Jolivet, 50, vendeur
  • Lisa Jung, 36, institutrice
  • Tatiana Konoplina, 44, relocation consultant
  • Jerry Kreins, 50, professeur en mathématiques
  • Lis Mossong, 59, éducatrice graduée
  • Manuel Quaring, 32, project manager
  • Mariette Weiler, 56, employée de banque
  • Ben Zenner, 31, attaché parlementaire déi gréng

Altersmoyenne: 41 Joer

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert