Categories:

Här Buergermeeschter, Dir Häre Schäffen, Dir léif Gemengeconseilleren, Dammen an Hären,

merci Tom, dir an denger Ekipp, fir d’Aarbecht an d’Opstelle vum Budget.

De Budget ass net nëmmen eng administrativ Übung. Et ass dee Moment wou eng Gemeng festleet, wat hir wierklech wichteg ass. Et ass d’Plaz, wou d’Suen, déi nach net ausgi sinn, eng Richtung kréien, éier se spontan fir eppes aneschters agesat ginn. Mee soyons serieux.

De Budget 2026 kann een als ambitiéis bezeechnen. Gläichzäiteg mussen awer d’Nohaltegkeet vum Wuesstem vun de Personalausgaben, d’Käschte vum Centre aquatique an d’Risike vun de gläichzäitege Groussprojeten éierlech am A behale ginn. Well wann de Staat muer manner iwwerweist, da läit, fir et kloer ze soen, d’Kand am Pëtz.

De Budget 2026 ass also e politescht Bekenntnis. An do hunn ech e puer grondleeënd Bedenken.

Et stellt sech d’Fro ob d’Gemeng sech net en neit Leetmotiv ginn huet: mir investéieren an d’Image. De Budget fir Marketing a Publicitéit klëmmt vun 316.500 Euro am Joer 2024 op 527.000 Euro am Joer 2026. Dat ass eng Erhéijung vun iwwer 66 Prozent an zwee Joer. Dat ass vläicht en Dram fir all Investor, mee et si Suen, déi bei vill méi dréngende Beräicher feelen.

Et schéngt, wéi wann d’Kanner an eiser Gemeng an dësem Budget iwwersi gi wieren. Fir geplangte Bauten am Beräich vun de Kanner a Schoule sinn insgesamt 270.000 Euro virgesinn: 140.000 Euro fir zwou Crèchen, 50.000 Euro fir eng Naturcrèche an 80.000 Euro fir de Schoulbau. Dës Zomm fir dräi nei Strukturen an e Schoulbau ass net seriö. Do kéint ee sech bal froen ob d’Kanner d’Zille sollen selwer baken. Ech vermëssen hei de politesche Wëllen an déi néideg Mëttel fir e konsequent a kohärent Schoulkonzept fir déi ganz Gemeng.

Och bei de Jugendlechen a jonke Studenten ass d’Bild enttäuschend. 350.000 Euro ginn a Spillplaze gestach déi secher mussen neigemaach ginn, mee et gëtt näischt, wat wierklech op d’Bedierfnesser vun Teenager oder Studenten agoe géif. Déi Altersgrupp schéngt am Budget guer net virzekommen.

E seriéise Budget fir d’Natur misst vill méi ëmfaassen wéi 15.000 Euro fir Reewaassertanken an 15.000 Euro fir Solarkollektoren. Dat gëtt den Erausfuerderunge vun eiser Zäit net gerecht. Et feelt u konkrete Mëttel fir Renaturéierung, zum Beispill vun der Uelzecht. Et feelt u Budget fir méi Begréngung am Duerf, fir Biodiversitéit, fir Frëschloft, fir Ofkillung an fir Liewensqualitéit. Dat weist leider op e kloert Nokucken bei der Ëmsetzung vun de Klimamoossnamen.

Och bei der Mobilitéit gëtt d’Chance verpasst, modern a intelligent Léisungen anzeféieren. 30.000 Euro fir Parkaueren si keng Mobilitéitsstrategie, besonnesch net an enger Zäit, wou Digitaliséierung an intelligent Verkéiersléisungen eigentlech op der Hand leien. Bei der intelligenter Beliichtung gouf 2025 näischt ausginn, obwuel d’Mëttele virgesi waren. Dat ass e kloert Zeeche vu Passivitéit bei den einfachsten Energiespuermoossnamen. Och beim Ausbau vun de Vëlosweeër an der Mobilité douce feelen kloer, konkret an ambitiéis Investissementer.

An dësem Budget vermëssen ech awer och e konsequent Bekenntnis zum Erhale vun eisem historesche Patrimoine. Dës Verantwortung gouf duerch déi nei Gesetzeslag vun der Loi du 25 février 2022 relative au patrimoine culturel nach eng Kéier betount. Dëst Gesetz soll e globale an kohärente Kader schaafen fir eist kollektiivt Gediechtnis ze schützen.Wéi kënne mir Wuesstem nohalteg gestalte wa mir eis Geschicht ofrappen oder verfalle loossen?

Mir mussen d’Propriétairen ënnerstëtzen an aktiv verhënneren, datt Démolitioune weiderginn. Hei feelt et un der néideger Visioun a Finanzéierung an dësem Budget.

Ech hätt léiwer, mir géifen d’Suen do asetzen wou mir se wierklech brauchen: bei eise Kanner, eise Jugendlechen a Studenten, bei der Natur, am Duerf an bei enger nohalteger Mobilitéit. Net fir eist Image, mee fir d’Zukunftssécherheet vun eiser Gemeng, fir en agreabele Alldag a fir déi Leit, déi hei liewen.

Wat mir an dësem Budget feelt, ass de Courage. An ech wënschen mir nach zwou Saachen:  Dass mir éischtens ëm dës Zäit d’nächst Joer e bësse méi Gréngs an dëser Politik gesinn an zweetens de Budget 2026, zäitgetréi digital kréien.

Aus dëse Grënn stëmme mir, wéi schonn 2025, dem Budget ordinaire zou, mee mir kënnen dem Budget extraordinaire 2026 net zoustëmmen.

Villmools Merci.

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert