Läschten Méinden war Gemengerot a bei zwee Punkten si mir net averstan:
Schoultransport
D’nächst Schouljoër sollen d’Kanner aus dem Précoce an Cycle 1 méi Zäit am Bus verbréngen. Dat heescht méi Stress fir d’Kanner an och méi Belaaschtung fir d’Elteren. Kanner an dësem Alter brauchen Schlof, Routine an Erholung. 13 Minutte méi fir mam Bus an d’Schoul bedeit 3x Woch bal 30 Minutten méi am Bus – also méi fréi opstoen an manner Zäit an der Mëttegsstonn. Dat geet op Käschte vun Spillszäit, Mëttesrou an Zäit mat der Famill.
Eis Meenung: De Fokus sollt op kuerzen, kandgerechte Weeër leien, an net nëmmen op der Effizienz vun de Buslinnen. Natierlech si mir frou, datt et endlech eng Bëschsschoul gëtt, mee hätt een beim Schoultransport keng besser Léisung fonnt wéi all Kanner nach méi fréi op de Wee an d’Schoul ze schécken?
Hëtzwell! An eise Schoulen?
Mir verstinn net firwat d’Gemeng probéiert huet eng Medaille ze kréien.
D’Haaptgrënn fir Hëtztfräi an der Grondschoul sinn: de Schutz vun der Gesondheet vun de Kanner an d’Tatsaach datt Schoulhalen bei extremer Hëtzt net méi méiglech ass.
Kanner reguléieren hir Kierpertemperatur net sou gutt wéi déi Erwuessen a riskéieren méi séier Dehydratioun.
Et gëtt keng eenheetlech landeswäit Regelung mee zesummen an der Oppositioun ware mir eis d’Gebaier ukucken an d’Lag fillen: Bei iwwer 34 Grad an de Klassenzëmmeren muss een eng Décisioun huelen!
Zesummegefaasst: Hëtztfräi déngt dem Kannerwuel an ass eng pragmatesch Reaktioun op onzoumuddend Schoulbedéngungen.

Comments are closed