Categories:

  1. Présentation de la City-App : “Was lange währt, wird endlich gut!”

Et huet zimmlech laang gedauert, bis d’App vun der Gemeng Miersch fäerdeg gestalt gouf. Duerfir ass se elo awer exzellent ausgefall, vill wichteg Informatiounen sinn schnell an iwwersiichtlech erëmzefannen. Sollten nach kleng Feeler optauchen, einfach beim Sekretariat vun der Gemeng Miersch uruffen a Bescheed ginn, fir datt se kënne behuewe ginn.

  • Urbanisme: Lotissements de terrains dans des zones soumises à un plan d’aménagement particulier «quartier existant
    Wéi praktesch an all Gemengerot, hate mer eng Rei Bauterrainen um ordre du jour, wou mer eng Parzell splécken: Et ass rentabel fir en Haus, egal wéi al oder nei et ass, ofzerappen, wann een dann op den Terrain bis zu dräi nei Häiser baue kann, och wa se nëmmen sechs Meter breet ginn.
  • Approbation du devis relatif a l’acquisition de machines et d’équipements spéciaux pour le service de régie
    Hei hate mer eng länger Diskussioun, well d’Gemeng Miersch sech nach ëmmer schwéier deet, méi op de Wee vun der e-Mobilitéit ze goen. D’Elektroautoen sinn ze deier, net rentabel, hunn net Plaz genuch an der Mall, seet d’Majoritéit. 
    Dobäi kéinte vill Gefiirer, e.a. déi, déi am Park an um Kiirfecht an den Asaz kommen, haut schonn ouni Problem just mat Stroum fueren. Niewent allen anere gudde Grënn ass och schonn de Fait, datt dës Gefiirer bal kee Kaméidi maachen, een Argument. Mee am Mierscher Schefferot gëtt dat net esou gesinn. 

….

7)   Avis sur les projets de plan d’action de lutte contre le bruit dans l’environnement
Dëse Plang ass wéi alles, wat haut um Ordre du jour stung, unanim ugeholl ginn.

9)   Renouvellement de l’engagement à „Mayors for Peace
8.013 Stied aus 165 Länner ënnerstëtzen d’ONG „Mayors for Peace“. Si setze sech un éischter Stell dofir an, datt all Nuklearwaffen solle vun der Welt verschwannen.

10)  Approbation de contrats, conventions et actes
Och iwwert de Kiosk am Park hate mer e bësse méi laang geschwat. De Gemengerot huet eng Konventioun guttgeheescht, déi enger neier Sàrl d’Gestioun vun der Buvette fir d’Joer 2021 uvertraut. Eng, wéi de Schëfferot gesot huet, motivéiert Equipe wëll et dëst Joer besser maachen ewéi 2020. D’läscht Joer war d’Buvette jo allermeeschtens zou. Dat war schonn Covid bedingt, awer et ass am Gemengerot och gemengt ginn, do wier net deen néidegen Asaz bruecht ginn.

Déi gréng hu bedauert, datt mer eis net als Gemengerot méi intensiv mat dem Kiosk ginge befaassen. Ëmmerhinn kënnt elo schonn déi véiert Equipe, déi probéiert, hei ëppes op d’Been ze stellen. Mir waren eis all eens, datt et am Interessi vun de Bierger  ass, wann et am Park eng kleng Restauratioun ging ginn. Et sollten och nohalteg a regional Aspekter berücksichtegt ginn. Wéi vill a wéi laang Autoen am Park fueren a stoe sollen, do schingen d’Sensibilitéiten verschidden ze sinn. Mir wënschen der neier Equipe am Park vill Succès. Mir wieren awer frou, wa mir am Gemengerot eis méi intensiv mat den Ursaachen vun engem Erfolleg oder Mësserfolleg vun enger Buvette am Park gingen befaassen, an déi néideg Léieren fir d’Zukunft gingen doraus zéien.

11) Récompenses aux sportifs méritants
Et waren Covid bedingt manner sportlech Aktivitéiten wéi soss, an aus der selwechter Uursaach fënnt och keng feierlech Iwwerreechung vun de Präisser statt.

            5.525,00 € ginn un eis Sportifs méritants verdeelt.

16) Communications du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers

Mariette Weiler:

Virun 2 Wochen ass op der Hatzgriecht op der schmueler Sträif tëschent der Autobunn an de Gäert “Tabula rasa” gemaach ginn. Eng privat Firma huet mat enger riseger Maschinn op där Sträif alles platt gemaach, wat do stoung.

Ech krut erkläert, d’Noper hätte reklaméiert do misst gebotzt ginn. 

Och géing de Kanal vum neien Sportkomplex an där Sträif an de Buedem geluecht ginn bis erof op d’Areler Strooss. Da kéim doriwwer eng Vëlospiste.

Et kann een net bei all Strauch an all Heck stoe bleiwen, mee déi Botzaktioun do huet net just mech erféiert. Eng Rei Noperen hu sech dat ugekuckt a sech Froe gestallt.

Eng Rei Leit hu sech och d’Fro gestallt ob d’Käschtebeem uewen an der Kierfechtsallee wierklech all misste fort fir de Chantier vum Schoulkomplex unzegoen. 

Ech ging mer zumindest wënschen, datt d’Gemeng sou Aktiounen géing op hirem Site ukënnegen an erklären, fir datt d’Leit Bescheed wëssen wat geschitt an datt d’Aarbechten och vun der Gemeng autoriséiert goufen.

Ee weideren Tab op der App vun der Gemeng Miersch, a scho wär jiddereen informéiert.

Jhemp Reckinger:

An der Rue de Septfontaines zu Récken gëtt de Stroosseverkéier analyséiert: Vill Gefiirer sinn ënnerwee, a vill Gefierer fueren ze schnell. Dat ass geféierlech a suergt fir Kaméidi.

Wéi eng Konsequenzen ginn aus der Verkéiersanalyse gezunn?

D’Ponts&Chaussées maachen sech Gedanken, wéi eng Léisung datt do ubruecht ass. Konkretes gëtt et nach net. Eng Insel an d’Mëtt vun der Strooss, fir d’Vitesse erauszekréien, ass anscheinend wéinst dem Streedingscht keng gutt Léisung.

D’Albert Elsen Schoul ass ausgeraumt ginn, well se ofgerappt gëtt. Wat ass mam Material (Bänken, Tafelen , Regaler …) geschitt?

En Deel ass rëm am Asaz, en Deel gëtt vun der Gemeng stockéiert, en Deel huet och missten ewechgehäit ginn. Et sinn awer net muttwëlleg Saachen ewechgehäit ginn.

Claude Adam:

D’Foussgängeriwwerweeër an der ganzer Gemeng gi kontrolléiert an iwwerschafft: Trottoiren erofgesat, fir dass Kannerkutschen an Rollstill problemlos d’Stroossesäit kënne wiesselen, an d’Belliichtung gëtt gekuckt, well dat ee wichtegen Aspekt vun der Sécherheet ass. Wéi ass et mat den sonoren Signaler, déi deene Leit hëllefen, déi schlecht gesinn oder blann sinn, fir ouni Gefor vun de Verkéiersluuchten ze profitéieren. 

Et ass verséchert ginn, datt d’Foussgängersträifen, déi mat Verkéiersluuchten geséchert sinn, och mat engem akustesche Signal ausgerüst solle ginn.

Tags:

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert