Mir hunn zu Lëtzebuerg ganz vill schéi Spadséierweeër. Besonnesch gutt gefale mir déi 201 Circuits auto-pédestres. Déi fënnt een an engem bloe Classeur, deen een am Prinzip an all Librairie ze kafe kritt. Déi aktuell Ausgab ass am Moment leider „en rupture de stock“. Enn Januar 2021 soll de Guide awer rëm ze kréie sinn. Et sinn ëmmer Circuiten, dat heescht et kënnt een rëm op deem Punkt un, wou ee fortgaangen ass.

De kierzten Wee ass 4,3 km (Esch-Sauer), dee längsten huet 15,7 km (Wäiswampech I). An der Gemeng Miersch sinn 5 Auto-pédestres gezeechent:  Zu Biereng (5,9 km), Rolleng (6,1 km),  Schëndels (8,8 km), Miersch (9 km) a Miesdref (10,0 km). Et geet also queesch duerch d‘ ganz Gemeng, just zu Récken ass keen esou ee Spadséierwee, do muss een sech da selwer een Tour duerch déi schéi Bëscher sichen.

Miesdref, Auto-pédestre, 10 km

Praktesch iwwerall sinn dës Weeër gutt gezeechent. Natierlech ass mol heiansdo ee Wee net praktikabel, sief et well am Bësch geschafft gëtt, well e Bëschwee oder soss e Wee muss nei gemaach ginn. Extra flott ass et, wann dann eng Deviatioun ausgeschëldert ass, wéi ech dat no Silvester 2020 zu Miesdref gesinn hat. Dat ass e super Service, Merci deene Leit, déi duerfir gesuergt hunn.

Claude Adam

3 Kommentare

  1. Alle Autopédestres sind mit Beschreibungen auch im Internet abrufbar beim Luxemburger Geoportail. Hier der (etwas komplizierte) Link dorthin:

    https://map.geoportail.lu/theme/tourisme?lang=de&version=3&zoom=8&X=667917&Y=6394482&rotation=0&layers=667-176&opacities=1-1&bgLayer=basemap_2015_global

    Besonders praktisch: damit lassen sich die Wege auch auf dem Handy anzeigen, was unterwegs eine gute Hilfe ist.
    Ich finde, auch in Mersch und Umgebung gibt es noch Touren, die sich ebenfalls für einen solchen offiziellen Rundweg anbieten und sehr attraktiv sind. Wie steht es damit bei dei greng? Könnte das nicht eine positive politische Forderung sein?

    Like

  2. Ronderëmm Miersch gin et wierklech ganz vill flott Méiglechkeeten Fousstouren ze maachen. A wann ee mol wëll méi wäit goen, loossen sech d’Autopédestre vu Bieréng a Miesdref och gutt kombinéieren oder et hëlt een den Zuch op Luerentzweiler an et kënnt een iwwert den train-pédestre vun der CFL, duerch déi schéi Bëscher mat ville beandrockende Fielsformatiounen, zréck op Miersch.

    Like

  3. Jo, déi zwee Kommentaren sinn richteg. Mir gefalen d’Autopédestre gutt, well se gutt gezeechent sinn an iwwert d’ganzt Land verdeelt sinn. An der Gemeng Miersch ass nach ganz villes drann, fir flott Wandertier auszeweisen. déi gréng sollte mol beim SI Miersch uklappen, fir zesummen eppes fir d’Awunner an d’Touristen ze maachen (jo, ech hunn eis elo selwer een Optrag ginn). Bis datt et esouwäit ass: Mir notzen d’komoot app, fir eis selwer Tiir ze plangen, fannen ech zimlech genial.
    An der Gemeng Miersch kéint een och vill flott Velostiir ausweisen. Flott Beispiller duerfir gëtt et am Réidener Kanton (Jhangeli-, Wisen-, Dällchen West Tour.)

    Like

Hinterlasse einen Kommentar